Eng Nouvelle, déi dës Woch fir Begeeschterung bei de Motorsport-Fans gesuergt huet. Am Joer 2012 huet de 7-fache Weltmeeschter Michael Schumacher d’Bün vun der Formel 1 verlooss, ma vun der nächster Saison un ass den Numm Schumacher nees an der Kinnegsklass vum Motorsport vertrueden.
De Mick Schumacher ass an der Formel 1 ukomm. D’nächst Joer sëtzt den 21 Joer ale Pilot bei der Ecurie Haas am Cockpit. De Schumi-Junior ass houfreg, dass säin Dram endlech an Erfëllung geet.
„Natierlech wëll ech Merci soen der Scuderia Ferrari, der Ferrari Driver Academy, dem Gene Haas an dem Günter Steiner, dass si mech u Bord geholl hunn. Ech freeë mech op d’Erausfuerderung an op d’Aarbecht d’nächst Joer. Et ass wierklech en Dram, dee fir mech an Erfëllung geet. Ech si richteg frou a soe jidderengem Merci fir déi vill Messagen an déi grouss Ënnerstëtzung.“
Fir Haas, déi zu der schwächster Ecurie am Feld zielen an aktuell op der zweetleschter Plaz an der Konstrukteursweltmeeschterschaft leien, ass 2021 en Iwwergangsjoer. De Fokus läit ganz kloer op der Saison 2022, wou néi Reegelen an der Formel 1 wäerten a Kraaft trieden. Och wa keng Lafzäit vum Kontrakt bekannt ass, geet een dovunner aus, dass de Schumacher mindestens bis 2022 an der Formel 1 bleift.
Am Formel-Sport huet de Mick Schumacher säin Talent a senger nach jonker Karriär dacks gewisen. An de Joren 2017 an 2018 ass hien an der europäescher Formel-3-Meeschterschaft un den Depart gaangen. Direkt am zweete Joer sollt et mat engem Championstitel klappen.
Aktuell fiert de Mick Schumacher an der Formel 2 an huet sech dës Saison do den Titel geséchert.
E puer Erfarungen an engem Formel-1-Auto konnt de Mick Schumacher scho sammelen. De Member vun der Ferrari Young Driver Acadamey gouf schonn e puer Mol vun der Scuderia fir Testfaarten agelueden. Dës Saison huet hie beim Grousse Präis vun der Toscana fir déi zweete Kéier a senger Karriär e puer Ronnen am F2004 vu sengem Papp dierfen dréinen.
Et ass net déi éischte Kéier, dass d’Familljentraditioun an der Formel 1 weidergefouert gëtt. Hill, Villeneuve a Rosberg sinn nieft Schumacher och bekannte Familljennimm a vläicht gesi mir de Mick Schumacher enges Daags, wéi säi Papp, mat engem rouden Auto vun der Scuderia ganz uewen um Podium stoen.