Rallye DakarMotorrad-Pilot Edwin Straver no Chute u senge Blessure gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Nom Doud vum Paulo Goncalves huet d'Rallye Dakar 2020 e weidert Doudesaffer gefuerdert.
© twitter / ForumulaRapida.net

Den hollännesche Motorrad-Pilot Edwin Straver ass lescht Woch op der 11. Etapp gefall. Wéi et heescht, hätt hie sech bei der Chute en Halswirbel gebrach, wat zu engem Häerzstëllstand gefouert hätt. Hie konnt no 10 Minutte vun de Secouriste reaniméiert ginn, ass awer an der Nuecht op e Freideg am Krees vu senger Famill un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen.

RTL-Artikel: Motorrad-Pilot Paulo Goncalves fält a stierft u Blessuren

Back to Top
CIM LOGO