
Den Optakt vun der neier Formel 1 Saison kënnt ëmmer méi no. D’nächst Woch ëm dës Zäit hunn d’Piloten hir éischt Kilometer bei de fräien Trainingen fir de Grousse Präis vum Bahrain schonn hannert sech. Fir d’Saison 2022 gëtt et jo e komplett neit Reglement fir d’Aerodynamik vun den Formel 1 Autoen.
D’Monoplacë si ronn 40 Kilogramm méi schwéier wéi nach d’Versioun vun zejoert, fille sech doduerch och e bësse méi steif beim Fueren un. Dat neit aerodynamescht Konzept ass méi einfach gehale wéi virdrun, doduerch soll d’Iwwerhuele méi einfach ginn. Et gouf am Virfeld awer och gefaart, datt déi nei Autoen all d’nämmlecht géifen ausgesinn.
Serge Pauly:Scho bei éischten Tester, grousst Opootmen am Paddock: awer nach genuch Plaz fir Kreativitéit vun Ingenieuren, zum Deel ganz ënnerschiddlech Interpretatioune vum Reglement... virun allem beim Design vu Säitekëschte grouss Ënnerscheeder, zum Deel radikal Léisungen wéi beispillsweis bei Mercedes, déi eréischt beim zweeten Test am Bahrain hire richtegen Auto gewisen hunn.Och eng aner Angscht schéngt sech net esou dramatesch ze confirméieren wéi am Ufank ugeholl.
Serge Pauly:Déi nei Autoen sinn och net vill méi lues wéi déi al Generatioun: Barcelona zwou komma eppes hannert der Polezäit vum leschte Joer... am Bahrain um éischten Dag gutt 4 Sekonnen hannert Polezäit vum leschte Joer, do ass awer sécher nach eppes dran.
Da gouf et awer och virun allem bei den éischten Tester am Februar zu Barcelona eng negativ Iwwerraschung:
Serge Pauly:De sougennante Porpoising... bei héije Vitessen fänken d’Autoen u mat Hopsen, si schloen op der Strooss op, net gesond, weder fir Fuerer nach fir d’Autoen. Et war gewosst, dass dat Niewewierkung vun neiem Aerokonzept kéint sinn, mä keen hat domadder gerechent, dass et sech esou staark auswierkt.
Fir de Moment maache Ferrari an McLaren e ganz gudden Androck. Elo bei den aktuellen Tester geet et awer virun allem drëms esou vill wéi méiglech Donnéeën ze sammelen, fir dann d’nächst Woch dee bescht méiglechen Auto um Depart stoen ze hunn.
RTL-Artikel: Nei F1-Saison: nei Autoen, nei Piloten, nei Reegelen An och dës Saison kënnt Dir d’Formel 1 Saison mam Qualifying a mam Grand Prix nees Live bei eis op der Tëlee op RTL Zwee suivéieren. Dat Ganzt gëtt et och bei eis um Internet op rtl.lu an op rtlplay, wou dann och ëmmer d’fräi Trainingen ze gesinn sinn.
