Porsche SupercupPole Position fir den Dylan Pereira

RTL Lëtzebuerg
An der Qualifikatioun fir déi éischt Course vun der Saison 2022 fiert de Lëtzebuerger op déi éischt Plaz, virum Larry Ten Voorde.

Beim Optakt vum Porsche Supercup fir d’Saison 2022 huet sech den Dylan Pereira d’Pole Position geséchert a säi gréisste Kontrahent, den Hollänner Larry Ten Voorde, hannert sech gelooss. Den Dän Bastian Buus an den Däitschen Laurin Heinrich komplettéieren déi éischt zwou Startreie fir d’Course zu Imola.

Den Dylan Pereira, dee fir d’Ecurie BWT Lechner Racing fiert, ënnersträicht mat dësem Resultat seng Ambitiounen an dëser Saison. De Lëtzebuerger war seng Beschtzäit a senger virleschter Ronn gefuer a konnt vun der Konkurrenz net méi ënnerbuede ginn.

D’Course vum Porsche Supercup, deen dëst Joer nees am Virprogramm vun der Formel 1 organiséiert gëtt, gëtt e Samschdeg vun 12 Auer u vun RTL iwwerdroen.

Den Ausbléck vum Dylan Pereira op déi nei Saison kënnt dir hei nach eng Kéier noliesen.

Back to Top
CIM LOGO