Porsche SupercupDylan Pereira wëll besser ofschneide wéi d'lescht Saison

RTL Lëtzebuerg
Nieft der Formel 1, déi dëse Weekend zu Imola an Italien fiert, steet och déi éischte Manche vun der 30. Editioun vum Porsche Supercup um Programm.

Mat dobäi ass och nees de Lëtzebuerger Dylan Pereira, deen d’Zil huet besser ofzeschneide wéi déi 7. Plaz am leschte Joer.

Porsche Supercup - Preview op 1. Course

No der 2. Plaz am Joer 2020 an der 7. Plaz am General am leschte Joer geet den Dylan Pereira e Sonndeg an der éischter Course vum Porsche Supercup un den Depart. De Porsche Supercup an de Carrea Cup Däitschland si jo bekanntlech déi zwou Serien, op déi den Dylan Pereira sech konzentréiert. Den Auto, de Porsche 911 GT3 Cup, bleift a béide Kompetitiounen onverännert. Déi aktuell Form passt beim Lëtzebuerger, deen an dësem Auto méi teste konnt, wéi d’lescht Joer.

“Mir si ganz vill Tester gefuer, an enger Woch bal 400 Tier. Ech fillen dat och kierperlech. Mir hu vill probéiert, méi wéi d’lescht Joer. D’lescht Joer hat ech insgesamt 4 Testdeeg, dëst Joer 5-6. Dat ass zimmlech positiv.”

D’Konkurrenz ass dëst Joer grouss. Niewent dem Larry Ten Voorde, deen dës Serie déi leschten zwee Joer gewanne konnt, ass och nees den dräifache Champion Michael Ammermüller mat um Depart. Den Däitschen ass an deene leschten zwee Joer gutt Resultater bei den ADAC GT Masters gefuer a wäert genau sou wéi de Larry Ten Voorde zu den Haaptkonkurrente vum Dylan Pereira zielen. Am Kader vum Porsche Supercup ass hie bei den Testdeeg zu Imola d’Beschtzäit gefuer. Allerdéngs sinn déi Resultater mat Virsiicht ze genéissen.

“Iwwerall wou mir testen, si si och dobäi. Et mierkt ee si trainéieren, si iwwerloossen näischt dem Zoufall. Bei den offiziellen Testdeeg vum Porsche Supercup zu Imola ware si och séier. Ech war puer mol op P1. Allerdéngs wäerten d’Bedingungen anescht sinn. Et huet ee Formel-1-Gummi drop. Et ass alles anescht. Et ka sinn, datt een haut séier ass a muer lues, well de Setup net passt. Dofir muss een ëmmer opmierksam sinn a sech sou séier wéi méiglech adaptéieren.”

Adaptéiere muss sech d’Ecurie vum Dylan Pereira och un den, duerch den Ukrainkrich ausgeléisten, Rohstoffmangel.

“Leider hu mir net sou vill Pneuen, wéi mir wéilten. Bedéngt duerch Rohstoffmangel. Mä bon, mir kucken, datt mir dat Bescht draus maachen an datt mir sou gutt wéi méiglech preparéiert si fir déi éischt Courssen.”

De groussen Dram ass natierlech de Gewënn vum Porsche Supercup. Ob sech dësen Dram erfëllt, kënnt Dir e Sonndeg bei de Kolleege vun der Tëlee vun 12h u live suivéieren. E Samschdeg kënnt Dir d’Qualifikatioun vun 14 Auer u bei eis op RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO