
Wéi de 34 Joer ale Fransous op de soziale Medie matgedeelt huet, ass de Risiko einfach ze grouss, un den Depart vun der leschter Course vun der Saison zu Abu Dhabi ze goen. D’Verletzungen u senger lénker Hand nom uergen Accident de leschte Weekend wieren nach net auskuréiert. Obwuel hien an Zesummenaarbecht mat den Dokteren alles versicht hätt, fir erëm zu 100 % fit ze ginn, wier de Risiko awer nach einfach ze grouss.
De Pilot vun Haas huet deementspriechend mat sengen Dokteren d’Decisioun geholl, d’Saison fréizäiteg opzehalen. De Brasilianer Pietro Fittipaldi wäert fir de Grosjean am Auto sëtzen.
Well dem Grosjean säi Vertrag mam US-Team Haas dës Saison op en Enn geet, wäert hien domadder keng Course méi an der Formel 1 fueren. Och de Kontrakt vu sengem Team-Kolleeg Kevin Magnussen gouf net verlängert. De Mick Schumacher an de Nikita Mazepin ersetze béid Fuerer fir d’Saison 20/21.