
Zimmlech séier nom Virfall ass dann awer d’Entwarnung komm, dass et dem Fuerer vun Haas gutt geet an dass bis op e puer kleng Verbrennungen net all ze vill geschitt ass. Kuerz drop ass hien an d’Spidol vum Circuit ageliwwert ginn.
Am Spidol krut een dunn en Iwwerbléck iwwer d’Blessure vum Haas-Pilot. De Grosjean huet just Verbrennungen un den Hänn an ass deemno gutt ewechkomm.
De Fransous huet sech dann och an engem Video eemol aus dem Spidol gemellt a gesot, dass et him gutt geet. Weider huet hien nach eemol gesot, datt hie virun e puer Joer géint de Cockpit-Schutz “Halo” war. Elo huet hien awer ënnerstrach, datt hie frou ass, datt et e gëtt, well ouni den Halo géing hien net méi liewen, huet hie gemengt.
Wéi Haas matgedeelt huet, géif hien nach bis den Dënschdeg am Spidol bleiwen.