WRC Rallye Monte Carlo Thierry Neuville behaapt sech virun Toyota-Piloten

RTL Lëtzebuerg
No engem spannenden Dräikampf huet den Thierry Neuville den Optakt vun der neier Saison an der WRC-Rallye-Weltmeeschterschaft gewonnen.
© AFP

De Belsch (Hyundai) hat e Sonndeg bei der Rallye Monte Carlo no 16 Speciallen iwwer am ganzen 304,28 Kilometer 12 Sekonne Virsprong op de Sebastien Ogier (Toyota). Op déi drëtte Plaz ass den Elfyn Evans (Toyota, +14,3 Sekonnen) gefuer.

Zanter 2014 hat den Ogier d’Rallye Monte Carlo sechs Mol noenee gewonnen. Fir den Thierry Neuville ass et déi 13. WRC-Victoire, fir Hyundai de 14. an der Rallye-WM.

RTL-Artikel: Rallye Monte Carlo - Spektakulären Accident vum Tänak, Pilot a Co-Pilot net blesséiert

Back to Top
CIM LOGO