Mat engem Retard vu 9 Punkten an der Gesamtwäertung op de Larry ten Voorde ass den Dylan Pereira an déi zweetlescht Course vun der Saison gaangen. Am Qualifying ass de Lëtzebuerger als 2. hannert dem Laurin Heinrich a virum dem Larry ten Voorde an d’Course gestart.
Dem Dylan Pereira ass e richteg gudden Départ gelongen a konnt direkt virun der éischter Kéier de Laurin Heinrich iwwerhuelen an huet domadder déi éischt Plaz iwwerholl. Och de Larry ten Vorde konnt den Däitschen iwwerhuelen a war domadder op der 2. Plaz. Beim Laurin Heinrich sollt et dann och guer net lafen, ass vun der Streck ofkomm a soumat war d’Course fir hien gelaf. Och de Carlos Rivas war gutt fort komm a war séier scho vun der 13. op déi 9. Plaz no vir gefuer.
Nom Accident vum Laurin Heinrich war de Safety Car erauskomm a beim Restart hat de Larry ten Voorde den Dylan Pereira ënner Drock gesat mee de Lëtzebuerger hat gutt dogéint gehalen a konnt dono nees säi Virsprong vergréisseren.
Um Enn vun der Course war de Larry ten Voorde nach eng kéier no un den Dylan Pereira erukomm mee de Lëtzebuerger konnt seng 1. Plaz verdeedegen a wënnt domadder déi éischt Course zu Oschersleben. De Carlos Rivas gëtt um Enn den 10..
Am General konnt den Dylan Pereira domadder säi Réckstand vun 9 op 4 Punkten verkierzen an huet domadder weider gutt Chancen fir sech um Sonndeg de General ze sécheren. De Carlos Rivas huet io schonn säit leschtem Sonndeg d’ProAM-Wäertung fir sech entscheet.
Déi zwou decisiv Courssen (Oschersleben) am Livestream op RTL.lu