Basketspillerinnen am AuslandAnne Simon a Campobasso no Defaite a schwéierer Ausgangspositioun

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch waren zwou Lëtzebuerger Nationalspillerinnen op europäescher Bün am Asaz.
© Fiba (Archiv)

Am EuroCup huet d’Anne Simon mat Magnolia Campobasso an der K.o.-Ronn den Himatch géint Kibirkstis Vilnius (Litauen) auswäerts 70:87 verluer. Domat brauch déi italieenesch Ekipp am Retourmatch den nächste Mëttwoch doheem eng héich Victoire fir d’Aachtelsfinall ze erreechen. D’Nationalspillerin konnt wuel 12 Punkten an 21 Minutte Spillzäit markéieren, hat allerdéngs Foulproblemer. Scho fréi am Match huet d’Simon missen op der Bänk Plaz huelen a sollt och de Schluss vun der Partie mat fënnef Feeler verpassen.

An der Euroleague huet d’Dionne Madjo mat Flammes Carolo fir den Optakt vun der zweeter Gruppephas auswäerts zu Bourges (Frankräich) eng 57:85-Néierlag kasséiert a steet domat weider op der leschter Plaz am Grupp E. Déi jonk Lëtzebuergerin koum an dëser Partie net an den Asaz. Vun de 6 Ekippen am Grupp kommen déi véier bescht Ekippen an den nächsten Tour, bis dohi bleiwen nach insgesamt 5 Matcher spillen.

Back to Top
CIM LOGO