Basketballspillerinnen am AuslandAnne Simon steet mat Campobasso an der K.O-Ronn vum EuroCup

RTL Lëtzebuerg
D'Nationalspillerin Anne Simon steet mat der italienescher Ekipp Campobasso an der K.O-Ronn vum EuroCup.
D'Anne Simon steet mat hirer Ekipp am nächsten Tour.
D'Anne Simon steet mat hirer Ekipp am nächsten Tour.
© FIBA

Um Mëttwoch huet sech Magnolia Campobasso am fënnefte Match vun der Gruppephas doheem mat 88:50 géint Nyon (Schwäiz) duerchgesat. Et war déi véiert Victoire fir Campobasso, d'Ekipp steet domat virzäiteg an der nächster Ronn wou et am K.O-Modus weidergeet. D'Nationalspillerin konnt mat 19 Punkten, dorënner fënnef Dräier, eng staark Leeschtung weisen.

Jo Oly a Saarlouis mat véierter Defaite

Fir den däitsche Club Saarlouis Royals mat der Nationalspillerin Jo Oly ass wuel Schluss no der Gruppephas. Um Mëttwoch huet Saarlouis auswäerts am Ungarn géint Sopron 55:80 verluer, et war déi véiert Defaite no fënnef Matcher. D'Jo Oly koum an 8 Minutten op 2 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO