
Bei den Hären goufen um Samschdeg dräi Matcher gespillt. D'Sparta Bartreng setzt sech auswäerts mat 94:79 géint d'Musel Pikes duerch a séchert sech domat den Ticket fir d'Halleffinall an der Coque. D'Gäscht hu sech am zweete Véierel ofgesat an d'Partie duerno am Grëff behal. Fënnef Spiller vun der Sparta hunn zweestelleg gescort, de Jarvis Williams koum op 23 Punkten a gouf ënnerstëtzt vum Yannick Verbeelen mat 15 Punkten.
Eng kloer Victoire gouf et fir de Coupe-Gewënner vun 2026, d'Arantia Fiels wënnt doheem mat 101:52 géint de Basket Esch. D'Gäscht vun Esch haten enger staarker Ekippeleeschtung vun der Fiels näischt entgéint ze setzen. De Jonathan Janssen koum op 20 Punkten fir d'Lokalekipp.
Souverän war och d'Victoire vun der Résidence Walfer, d'Lokalekipp setzt sech 89:63 géint d'Kordall Steelers duerch. Den Desean Eikens huet 23 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
Um Sonndeg spillt nach d'Etzella Ettelbréck géint den T71 Diddeleng. D'Coupe-Halleffinalle ginn den 23. an 24. Januar 2027 an der Coque um Kierchbierg gespillt.
Bei den Dammen steet den AB Contern no enger 86:69-Victoire géint de Gréngewald Hueschtert an der Halleffinall. D'Partie war méi spannend wéi d'Schlussresultat et ausdréckt. Eréischt am leschte Véierel huet d'Lokalekipp fir eng Differenz gesuergt, d'Sarah Gates koum op 34 Punkten.
Um Freideg hat sech de Basket Esch auswäerts kloer mat 92:62 géint de Black Star Miersch aus der Nationale 2 duerchgesat. Den T71 Diddeleng steet och an der Halleffinall, dat ouni e Match ze spillen, de Géigner Hesper aus der Nationale 2 huet Forfait erkläert.