BasketballAnne Simon vun der FIBA mat Performance vum Joer 2025 ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
D'Basketballspillerin Anne Simon gouf vun der FIBA mat der Performance vum Joer 2025 ausgezeechent.
© FIBA

Déi international Basketballfederation hat fënnef individuell Performancen erausgesicht an an de soziale Medien zu engem Vott opgeruff, fir déi stäerkste Leeschtung vum Joer 2025 am “Eurobasket” (Europameeschterschaft an EM-Qualifikatioun) ze wielen. Hei hat d’Anne Simon um Enn d’Nues vir, dat duerch hire spektakuläre Match am Februar géint Bosnien-Herzegowina wou si op 25 Punkten, 9 Rebounds a 7 Assists koum. D’Anne Simon konnt sech ënner anerem géint déi Belsch Starspillerin Emma Meesseman duerchsetzen. Laut Websäit vun der FIBA koum d’Simon op 52 Prozent vun de Stëmmen, d’Meesseman op 40 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO