
D’Sparta Bartreng wënnt kloer mat 101:63 géint d’East Side Pirates aus der Nationale 2. D’Lokalekipp ass zwar mat engem 10-Punkte-Bonus gestart, hat dësen allerdéngs séier verspillt an d’Sparta ass souverän an d’Halleffinall agezunn.
Den T71 Diddeleng léisst keng Zweifel opkommen a setzt sech doheem mat 87:66 géint den AB Conter duerch. D’Lokalekipp huet sech fréi am Match ofgesat an eng souverän Victoire gefeiert. D’Lauren Van Kleunen konnt der Partie mat 29 Punkten hire Stempel opdrécken.
D’Amicale Steesel setzt sech mat 85:67 géint d’Musel Pikes duerch, dat obwuel d’Ekipp vum Trainer Paul Missavage just eng Profispillerin am Kader hat. D’Nationalspillerin Julie Mangen konnt mat 27 Punkten iwwerzeegen.
De Basket Esch wënnt mat 60:55 géint Wolz. D’Gäscht aus dem Norde konnten sech am véierte Véierel ënner dem Impuls vum Lisy Hetting nach emol erukämpfen an hunn dëse Véierel 21:10 fir sech entscheed, Esch huet de Virsprong awer iwwer d’Zillinn gerett. D’Tatsiana Likhtarovich huet 23 Punkte fir d’Lokalekipp markéiert.
Bei den Häre stinn d’Amicale Steesel, d’Etzella Ettelbréck, d’Arantia Fiels an d’Sparta Bartreng an der Halleffinall. Steesel a Bartreng sinn domat Ufank Januar an der Coque um Kierchbierg duebel vertrueden.