
Virun e puer Deeg hat de Veräin matgedeelt, datt ee sech vum Trainer Daniel Brandao trenne wäert. En Dënschdeg den Owend huet Steesel dunn annoncéiert, datt den aktuellen Trainer vu Mambra Mamer déi Steeseler Ekipp fir d'Saison 2026/27 iwwerhëlt.
Éier hien op Lëtzebuerg koum, war de Ristic, deen de Serbeschen an de Schwäizer Pass huet, ënner anerem an der Schwäiz als Trainer aktiv an donieft hei am Land beim AB Contern.