Haut virun 20 JoerDe Kobe Bryant markéiert 81 Punkten an engem NBA-Match

Tom Nols
Bis haut sinn et déi zweetmeeschte Punkten, déi en NBA-Spiller an engem Match geschoss huet. Nächste Méindeg ginn et da scho 6 Joer, dass de Spiller vun den L.A. Lakers déidlech verongléckt ass.
Virun 20 Joer hat de Kobe Bryant de Match vu sengem Liewen
Virun 20 Joer hat de Kobe Bryant de Match vu sengem Liewen
© STREETER LECKA/Getty Images via AFP

Et ass en Owend, deen d’Fans vum Basketball bis haut net vergiess hunn. En ugangs schwaache Match kritt mat der Zäit historesch Dimensiounen. Am Mëttelpunkt e Mann, dee bis haut zu deene beschte vun allen Zäiten a senger Sportaart zielt.

“Einfach gewannen”

No der éischter Hallschent sinn d’Lakers nach hanne géint d’Toronto Raptors, déi wesentlech manner gutt do stinn an der Tabell. De Kobe Bryant huet an den zwee éischte Véierele 26 Punkte markéiert. Net wéineg, awer nach wäit ewech vun iergendengem Rekord. An der zweeter Hallschent wëllt de Bryant de Match dréinen an, Zitat “einfach gewannen”. Dass hien dat zu deem Zäitpunkt eleng am Stand ass, huet hien an de Matcher virdrun eendeiteg bewisen. Säi Schnëtt louch do iwwer 10 Partië bei 45,5 Punkten.

D’Raptors kréien ze spieren, dass si engem Ausnamespiller géintiwwer stinn. Am drëtte Véierel markéiert de Bryant 27 Punkten. Déi ganz Ekipp vun Toronto just 22. Am véierte Quarter trëfft “Black Mamba” weider a spillt all Géigespiller schwindeleg. 28 Punkte sinn et am leschte Véierel, also 55 an der zweeter Hallschent. Am ganze Match: 81 Punkten.

Et ass den zweethéchste Score, dee jeemools vun engem NBA-Spiller erreecht ginn ass. Just dem Wilt Chamberlain säi Rekord vun 100 Punkten an engem NBA-Match bleift onerreecht.

Beandrockend Statisiken

Niewebäi dréinen d’Lakers de Match géint Toronto a gewanne mat 122:108. Déi aner Spiller vu Los Angeles hunn an där Partie, zesummegerechent, 41 Punkte geschoss a froen hire Star duerno ëm Autogrammen op de Fichë mat de Statistiken.

Dem Kobe Bryant seng beandrockend Zuele vun deem Owend:

  • 28 vu 46 Wërf aus dem Feld getraff
  • 7 vun 13 Dräier getraff
  • 18 vun 20 Fräiwërf getraff
  • 6 Rebounden
  • 3 Stealen
  • 2 Assisten
  • 1 Block
  • 41:56 Minutten um Terrain gestanen

Dem Bryant seng Géigespiller Mike James a Chris Bosh soe spéider, deen Dag wier kee Kraut gewuess gewiescht géint d’Nummer 8 vun de Lakers. Den Jalen Rose, dee méi wéi eng Kéier vum Superstar dupéiert ginn ass, street d’Gerücht, dass de Bryant e Wodka Martini mat 81 Olive bestallt hat. Spéider gëtt aus deem Witz déi heite Retourkutsch:

Wieren 100 a méi Punkte méiglech gewiescht?

Den deemolege Lakers-Trainer Phil Jackson hat den exzeptionellen Exploit bal verhënnert. Kuerz viru Schluss wollt hie säi Superstar vum Terrain huelen. Dee Moment hat de Bryant 77 Punkten um Kont a stoung domat op Plaz 3 vun der éiweger Scorerlëscht. En Assistenztrainer soll den Jackson dovun iwwerzeegt hunn, hie weiderspillen ze loossen, fir keen Opstand ënnert de Fans ze riskéieren.

Zweiwel bleiwen trotzdeem. An engem Gespréich mam Phil Jackson hat de fréiere Lakers-Spiller John Salley gemengt, de Kobe hätt deen Owend 104 Punkte kënne schéissen. Doropshin hätt den Jackson just geäntwert gehat, datt verschidde Rekorder einfach misste bestoe bleiwen, sou de Salley an engem FOX-Podcast.

D’Legend hat e Glécksbrénger

Jore spéider huet de Koby Bryant zouginn, dass dee faméise Match géint Toronto déi eenzeg Partie gewiescht wier, déi seng Bomi live an der Hal gesinn huet. Hiren Enkel hat fir en onvergiesslecht Erliefnis gesuergt. Entretemps steet virun der Arena vun de Lakers och eng Statu vum onvergiessene Bryant.

Kobe-Statu zu L.A.
Kobe-Statu zu L.A.
© Foto von PATRICK T. FALLON / AFP

Nächste Méindeg ginn et da 6 Joer, dass den Ausnamespiller bei engem Accident mat engem Helikopter ëm d’Liewe komm ass. Am Februar 2022 ass säi Warmup-Shirt, deen hie beim Rekord-Match gedroen hat, fir 277.000 Dollar versteet ginn.

Dem Kobe Bryant säi Warmup-Shirt
Dem Kobe Bryant säi Warmup-Shirt
© Foto von ROBYN BECK / AFP

Och Schong, Trikoten oder souguer säi perséinleche Schaf aus dem Lakers-Vestiaire, si mëttlerweil duerch Auktioune verkaaft ginn. De Locker war virun zwee Joer engem Fan knapp 3 Milliounen Dollar wäert.

Dem Kobe Bryant säi perséinleche Schaf am Lakers-Vestiaire
Dem Kobe Bryant säi perséinleche Schaf am Lakers-Vestiaire
© Foto von CHARLY TRIBALLEAU / AFP

Back to Top
CIM LOGO