Optakt vun der NBA-SaisonE Bléck op d'Titel-Favoritten an dat grousst Wiessel-Karussell

Jeff Birsens
En Dënschdeg den Owend fänkt mam Match Detroit Pistons géint Boston Celtics déi nei Saison an der amerikanescher Basketballliga un. Virdrun hu mir nach eemol op d'Favoritten, déi gréisst Transferten an och op eng nei Reegelung gekuckt.
New York Knicks feieren NBA-Titel
D'New York Knicks hunn am Juni 2026 d'Finall-Serie géint d'San Antonio Spurs fir sech entscheet an den NBA-Titel gefeiert.
© RONALD CORTES/Getty Images via AFP

Fir déi éischte Kéier zanter 53 Joer hunn d'New York Knicks an der leschter Saison den NBA-Titel gewonnen, dat no engem iwwerraschende 4:1-Succès an der Finall-Serie géint d'San Antonio Spurs. Als grousse Favorit op eng méiglech Titelverdeedegung gëlle si awer net onbedéngt un éischter Stell, wann déi nei Saison an der amerikanescher Basketballliga en Dënschdeg den Owend nees ufänkt.

Wien zielt zu de Favoritten op den Titel?

Do wieren op d'mannst mol zwou aner Ekippen, déi sech den Titel nees zréckhuele wëllen a sech dobäi och berechtegterweis déi bescht Hoffnunge maache kënnen.

Engersäits ass dat Oklahoma City Thunder, déi den MVP aus der leschter (a virleschter) Saison Shai Gilgeous-Alexander weider an hire Reien hunn an op där anerer Säit de Vizechampion San Antonio Spurs ronderëm den 22 Joer alen an 2,24 Meter grousse franséische Starspiller Victor Wembanyama, dee scho virun der Saison als Toppfavorit op d'MVP-Auszeechnung gëllt.

Och wann OKC an de Spurs besser Chancen zougerechent ginn, zielen d'New York Knicks trotzdeem nach zum weidere Favorittekrees. Dat well de Kär vun der Ekipp, wéi de Finals-MVP Jalen Brunson oder och e Karl-Anthony Towns weiderhin do sinn. Ofzewaarde bleift awer, wéi d'Knicks mam Verloscht vun hirem Center Mitchell Robinson ëmgoe wäerten, dee sech am Summer als Free Agent de Boston Celtics ugeschloss huet.

E weidere Favorit kéinten dann och d'Philadelphia 76ers sinn, déi sech mat der Basketball-Ikon LeBron James vun de Los Angeles Lakers an och dem Finals-MVP aus dem Joer 2024 Jaylen Brown verstäerkt hunn an dowéinst net ze onrecht Ambitiounen op e méiglechen Titel kënnen hunn.

Dat grousst Wiessel-Karussell

De Wiessel vum véierfachen NBA-Gewënner LeBron James vun de Los Angeles Lakers bei d'76ers war déi wuel gréisst Nouvelle iwwert de Summer. Ma d'Lakers kruten dëse Verloscht am Géigenzuch mam sloweenesche Superstar Luka Dončic vun den Dallas Mavericks net all ze schlecht ersat.

Ee weideren Transfert, dee fir vill Opmierksamkeet gesuergt huet, war dee vum Griich Giannis Antetokounmpo, deen no 13 Joer bei de Milwaukee Bucks bei Miami Heat gewiesselt ass. D'Ekipp aus Florida huet sech donieft mat engem vun de beschten Distanzwerfer, dem Klay Thompson vun den Dallas Mavericks, verstäerkt.

Nieft dem James, Antetokounmpo a Brown gouf et am Summer nach ee véierten Transfert vun engem fréiere Finals-MVP. De Kawhi Leonard ass vun den LA Clippers zréck bei d'Toronto Raptors gewiesselt, wou hien 2019 déi perséinlech Auszeechnung als beschte Spiller krut hat.

Oflaf vun der Saison

En Dënschdeg den Owend fält um 21 Auer Lëtzebuerger Zäit mam Match Detroit Pistons géint Boston Celtics de Startschoss an d'Regular Season, an där 30 Ekippe bis den 12. Abrëll 2027 jeeweils 82 Matcher spillen, éier et an d'Titel-Playoffe geet.

Tëschenduerch wäert och nees den NBA Emirates Cup ausgedroe ginn, en Turnéier, bei deem d'Matcher (bis op d'Finall) gläichzäiteg och fir déi normal Tabell aus der Regular Season gewäert wäerte ginn. Hei wénkt all eenzele Spiller vun der Gewënner-Ekipp en zousätzlecht Präisgeld vu 500.000 US-Dollar.

Nei an dëser Saison ass och déi sougenannt "Anti-Tanking-Reform", mat där bewierkt soll ginn, datt d'Ekippen net méi express verléieren, fir um Enn ënnert deene schlechtsten dräi Ekippen ze stoen. Bis elo haten déi nämlech beim nächsten Draft déi bescht Chancen op déi bescht Nowuessspiller. Dat soll elo mat der neier Reegelung net méi de Fall sinn.

Back to Top
CIM LOGO