Uergen Autosaccident am Joer 2013 "E Layup fir de Luca" elo bei de Lux Rollers

Tim Hensgen
De Luca Jean hat am August 2013 en uergen Autosaccident an ass als jonken Erwuessenen an de Rollstull komm. Deemools hat säi Club AB Contern en Tournoi mam Numm "Layup for Luca" organiséiert. Zanter e puer Méint ass de Luca Jean elo zeréck am Basket.

Hie spillt zanter kuerzem bei de Lux Rollers. De schroen Accident vum Luca huet virun 12 Joer de ganze Basketball an Otem gehalen. Mee de ganze Support, net nëmmen um Tournoi, mee och d’Astellung vum Luca selwer, hu fir positiv Reaktioune gesuergt. An de Joren drop huet een de Luca Jean awer éischter manner um oder nieft dem Basketballterrain gesinn.

“Hei kuerz eng Kéier schnuppere konnt ech, wann ech dat esou soe kann, virun zwielef Joer no mengem Accident an et huet mer net direkt zougesprach. Ech wollt éischter eppes individuelles maachen, eppes anescht maachen, vum Basket fort, well et ass ganz anescht wéi de Foussgänger-Basket an et huet mer deemools net richteg zougesprach, wéi gesot. An do hunn ech mech éischter am Schwamme fonnt, am Fitness an do sinn ech souwisou op d’Uni gaangen. An do sinn ech säit dräi Joer erëm hei zu Lëtzebuerg, wou ech hei schaffen. An do sinn ech säit kuerzem, wou ech elo hei bei d’Jonge komm sinn, et sinn alles super Jungs, et mécht Spaass, et ass ee gutt encadréiert an et kann een hei wierklech och nach vill bäiléieren, vum soziale Pilier hier, wéi och vum Basket hier, wou ech nach vill Scheiwen ofschneide kann”.

Zanter kuerzem ass de Luca e Member vun de Lux Rollers a war och e Samschdeg beim Coupematch dobäi. Mee Ulm gehéiert zu de beschten Ekippen an der 2. Bundesliga a spillt domadder zwou Divisiounen iwwer de Lëtzebuerger. Un eng Qualifikatioun fir den nächsten Tour war net ze denken, mee éischter als Training fir den Optakt vum Championnat vun e Sonndeg. An dat ginn och wichteg Matcher fir de Luca.

“Ech wëll déi ganz technesch Saachen einfach emol richteg beherrschen an doropshi mech lues a lues an d’Ekipp integréieren, och vun der Spillzäit hier. Mir wëllen uewe matspillen. Haut war natierlech och net einfach, déi Ekipp vun Ulm, déi ass zwou Ligaen iwwer eis. Dat ass awer eng aner Mooss an där Hisiicht. Ma fir mech perséinlech, wëll ech einfach all Dag besser ginn, mech lues a lues eraschaffen, einfach bäiléieren a Spaass hunn.”

Beim Match géint Ulm war näischt ze huelen. D’Lux Rollers haten déi eng oder aner gutt Aktioun, mee d’Alliance war individuell an als Ekipp méi staark. Um Enn huet awer kee sech iwwer d'30:74-Defaite opgereegt. Rollstullbasket ass eebe bei wäitem méi schwéier wéi geduecht.

“Et ass net, wann een am Foussgänger-Basket laang aktiv war, dass dat heiten direkt klappt. Anerersäits fannen ech et awer eng cool Saach, wou vill Leit kéinten am Fong matmaachen. Ech schwätzen och jo vu Leit, déi vläicht verletzt sinn, déi am Foussgänger-Basket eng Paus wëlle maachen. A wann ee fit wëll bleiwen, kann ech just recommandéieren eng Kéier laanscht bei eis kucken ze kommen. Wéi gesot, et sinn alles super Jongen. Et hält ee fit an de Schoss vun der Technik bleift awer déi selwecht. An et muss ee sech keng nei Basketsschong kafen”.

D’Basketsschong waren déi richteg. D’Lux Rollers hunn hiren éischte Match Championnat mat 65:38 géint Düsseldorf gewonnen. Am zweete Match e Sonndeg an der Regionalliga gouf et eng 50:37-Victoire géint Dortmund.

Back to Top
CIM LOGO