Drëtt Hallschent, de Sport-Talk mam Catherine Mreches"Ech wollt kierperlech a mental prett si fir zeréck op den Terrain"

Jeff Kettenmeyer
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch d'Basketspillerin Catherine Mreches op Besuch.
© RTL

Dës Woch ass d‘Catherine Mreches Invitée am Podcast Drëtt Hallschent. Si zielt zanter Joren zu deene beschten Lëtzebuerger Spillerinnen. Déi lescht Jore waren awer vun enger laanger Paus gepräägt. D‘Spillerin vum T71 Diddeleng an der Dammen-Nationalekipp erzielt am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer, wéi si dee laange Wee zeréck op den Terrain gepackt huet, wat mat 25 Joer nach hir Ziler sinn an och datt si bal Liichtathletik als éischt Sportaart gewielt hätt.

Blessur/Diagnos/Reha

Iwwer 2 Joer huet sech d‘Blessur vum Catherine Mreches geschleeft. Virun allem fir eng konkret Diagnos mam Problem um Been ze kréien, war ganz komplizéiert. Wéi bis feststoung, datt et keen Ermiddungsbroch wier, gouf ee guttaartegen Tumor um Schinnebeen festgestallt. Och de Wee vun der Heelung ass net ouni Komplikatioune verlaf an eréischt no ville Méint mat der richteger Stousswellen-Therapie a ville Seancë beim Kiné ass et besser ginn.

T71 & Nationaleekipp

Mam T71 Diddeleng bleift dat grousst Zil, den Doublé kënnen ze realiséieren. Dës Saison sinn déi Diddelenger Dammen Top-Favorit op déi zwee Titelen. Mat der Nationalekipp stoung d‘Catherine Mreches nach am November 3 Mol um Terrain a konnt zwou Victoirë mat der FLBB-Selektioun feieren. Mam Patrick Unger sëtzt och een neien Trainer op der Bänk, wat och eng nei Erfarung fir déi 25 Joer al Spillerin ass.

Liichtathletik, Futtball a Kaffi

Als Kand huet d‘Catherine Mreches nieft dem Basket och Liichtathletik gemaach, virop op de 1500 Meter. Am Sportlycée hat si sech am Ufank fir dës Sportaart decidéiert, huet spéider awer nees op de Basket gewiesselt. Am Alldag interesséiert sech déi gebierteg Miselerin och fir de Futtball a kuckt reegelméisseg Matcher. Als Sportlerin ass hir eng gewëssen “Hygiène de vie” wichteg a rezent koum och nach eng Passioun fir de Kaffi dobäi.

Iwwert all dës Themen an nach vill méi erzielt Catherine Mreches am Podcast Drëtt Hallschent. Déi ganz Episod fann dir op RTL Play an och soss op ville Podcast Plattformen

Des Woch ass d’Basketspillerin Catherine Mreches Invitée vum Jeff Kettenmeyer.

D’Drëtt Hallschent mam Catherine Mreches kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO