Basketball-ChampionnatEttelbréck klappt Bartreng an iwwerhëlt d'Tabelleféierung

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg war den Optakt vum 13. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
© Christophe Hochard

Hären

Am Spëtzematch setzt sech d’Etzella Ettelbréck mat 69:61 géint d’Sparta Bartreng duerch an iwwerhëlt domat d’Tabelleféierung, déi d’Sparta zanter Ufank vun der Saison hat. Béid Ekippen hunn no 13 Matcher 11 Victoiren um Kont, d’Etzella huet sech allerdéngs och den direkte Verglach geséchert. Iwwerraschend wéineg Punkte sinn an dëser Partie gefall tëschent zwou offensiv staarken Ekippen. Den Nicholas Davis konnt mat 25 Punkten a 14 Rebounds fir d’Lokalekipp iwwerzeegen.

D’Arantia Fiels deklasséiert den AB Contern mat 120:87. Schonn nom éischte Véierel louch d’Lokalekipp 41:18 a Féierung. D’Fiels huet 13 Dräier getraff a war an alle Beräicher iwwerleeën, 25 Punkten huet de Kevon Godwin markéiert. Den Tabelleleschte Conter kritt et déi nächste Woche schwéier, fir an der Tabell Buedem op d’Konkurrenz gutt ze maachen.

Eng weider däitlech Affaire gouf et zu Diddeleng. Ouni Profispiller am Kader ass den T71 mat 45:82 géint de Basket Esch ënnergaangen. De Clancy Rugg huet bei de Gäscht 22 Punkte markéiert.


Dammen

Bei den Damme stoungen de Weekend zwee Matcher vum 12. Spilldag um Programm.

Den T71 Diddeleng bleift ongeschloen a setzt sech däitlech mat 91:53 auswäerts géint d’Musel Pikes duerch. 28 Punkte goungen op de Kont vum Lauren Van Kleunen, fënnef Spillerinnen hu bei de Gäscht zweestelleg getraff.

Um Samschdeg hat sech den AB Contern mat 82:53 auswäerts zu Wolz duerchgesat. Mat 25 Punkten huet d’Caileigh Walsh bei de Gäscht am Beschte getraff.

Back to Top
CIM LOGO