Basketball-ChampionnatEttelbréck mat klorer Victoire géint Diddeleng, Bartreng bleift ongeschloen

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gouf an der Enovos League bei den Hären de komplette 10. Spilldag gespillt.
© Christophe Hochard

Hären

Am Spëtzematch setzt sech de Champion Etzella Ettelbréck um Enn däitlech mat 96:75 zu Diddeleng duerch. D’Gäscht konnten de ganze Match iwwer konstant Punkte markéieren an den T71 huet kee Géigemëttel fonnt. Am leschte Véierel huet Ettelbréck dofir gesuergt, dass d’Resultat däitlech ausfält, insgesamt huet Ettelbréck 13 Dräier getraff. Den Thomas Henkel konnt mat 26 Punkten iwwerzeegen.

De Leader Sparta Bartreng bleift och no 10 Matcher ongeschloen. Mat enger equilibréierter Offense huet Bartreng um Enn auswäerts 101:85 géint de Stater Racing gewonn. Mat 23 Punkten hat de Victor Iwuakor déi meeschte Punkten um Kont bei de Gäscht.

D’Amicale Steesel wënnt mat 96:73 géint den AB Contern. D’Gäscht bleiwen domat mat enger Victoire no 10 Matcher op der leschter Plaz an der Tabell. Iwwerzeegt huet op Steeseler Säit den Ashton Sherrel mat 32 Punkten.

D’Résidence Walfer wënnt en enke Match géint d’Kordall Steelers mat 92:89. Bei de Gäscht huet mam Erik Timko en neie Profispiller matgespillt, seng 20 Punkte konnten d’Néierlag vum Kordall net verhënneren. Bei der Lokalekipp koum de Brendan Bailey op 26 Punkten, den Oliver Vujakovic huet 21 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Bei de Musel Pikes huet de Filipe Abreu säin éischte Match als Head Coach vun der Ekipp verluer. De Basket Esch war am entscheedende véierte Véierel däitlech besser a Form (27:12) a séchert sech um Enn eng 82:72-Victoire. De Quinten Nelson huet 21 Punkte geworf fir d’Gäscht.

D’Arantia Fiels setzt sech souverän mat 101:92 géint Mamer duerch an ënnersträicht domat weiderhin eng bis elo staark Saison. 31 Punkte goungen op de Kont vum Michael Anthony Carter.


Dammen

Bei den Damme stoung den 9. Spilldag um Programm.

De Leader T71 Diddeleng bleift ongeschloen a setzt sech 91:65 géint den AB Contern duerch. Diddeleng huet sech schonn am zweete Véierel (30:13) entscheedend ofgesat a louch an der Paus 51:30 a Féierung. Fënnef Spillerinnen hu bei der Lokalekipp zweestelleg gescored, mat 24 Punkten huet d’Ines Beatriz am Beschte getraff.

Wolz setzt sech iwwerraschend auswäerts mat 71:66 géint d’Amicale Steesel duerch. Mat 25 Punkte konnt d’Lisy Hetting eng staark Leeschtung weisen. D’Lokalekipp huet weiderhi missen op eng Profispillerin verzichten.

D’Musel Pikes gewannen doheem e knappe Match mat 72:70 géint de Basket Esch. 28 Punkte goungen op de Kont vum Mackenzie Farmer. Esch hat d’Méiglechkeet, mat der leschter Aktioun vum Match auszegläichen, konnt dës Attack awer keng Punkte méi markéieren.

© Christophe Hochard

Back to Top
CIM LOGO