Basketball-ChampionnatFiels klappt Bartreng mat spektakulärem Worf, Ettelbréck klappt Mamer

RTL Lëtzebuerg
An der Enovos League bei den Häre steet dës Woch den 12. Spilldag um Programm.
© Christophe Hochard

Hären

Um Mëttwoch stoung zu Bartreng de Spëtzematch tëschent der Sparta an der Arantia Fiels um Programm. D’Gäscht hu missen op ee Profispiller verzichten an awer war de Match ausgeglach bis zum Schluss.

De Resumé vum Häre-Match Bartreng géint d'Fiels
D’Sparta gewënnt de Spëtzematch géint d’Fiels 85:82.

De Fielser Amerikaner Michael Anthony Carter huet kuerz viru Schluss en Dräier getraff a seng Ekipp 85:82 a Féierung bruecht, et sollt den Endstand vum Match bleiwen. Hie koum insgesamt op 23 Punkten. Et war déi éischt Defaite fir Bartreng des Saison.

D’Residence Walfer wënnt e Krimi mat 79:77 géint d’Musel Pikes. D’Gäscht haten a Persoun vum Sam Streef eng Méiglechkeet, de Match mat engem leschte Worf ze gewannen, den Dräier ass allerdéngs dolaanscht gaangen.

De Basket Esch iwwerrennt de Stater Racing mat 97:64 a weist domat eng Reaktioun op déi schwaach Leeschtung vum leschte Weekend géint Steesel. 31 Punkte goungen op de Kont vum Clancy Rugg.

Den T71 Diddeleng setzt sech auswäerts beim Tabelleleschte Conter däitlech mat 92:76 duerch. Conter hat d’Partie gutt ugefaangen a louch 7:0 a Féierung, hat duerno allerdéngs näischt méi entgéint ze setzen. Den Jimmie Lee Taylor koum op 20 Punkte fir d’Gäscht.

Um Dënschdeg konnt sech d’Amicale Steesel auswäerts mat 101:92 géint d’Kordall Steelers duerchsetzen. Den Ahston Sherrel koum op 27 Punkten. Um Donneschdeg spillt nach d’Etzella Ettelbréck géint Mambra Mamer, duerno geet et an eng kuerz Wanterpaus.

Um Donneschdeg huet sech d’Etzella Ettelbréck mat 90:83 géint Mambra Mamer duerchgesat. D’Lokalekipp louch tëschenzäitlech komfortabel a Féierung, d’Gäscht konnte sech eng Minutt viru Schluss allerdéngs op 5 Punkten erukämpfen. Den Adrian Delph (24 Punkten) an den Nicholas Thomas (23) hunn am beschte getraff bei der Etzella.

An der Enovos League ass elo eng kuerz Wanterpaus, et geet allerdéngs schonn de 4. Januar weider mam nächste Spilldag. Un der Spëtzt vun der Tabell steet d’Sparta Bartreng trotz der éischter Defaite um Mëttwoch. Den AB Conter wäert am Januar staark ënner Drock stoe fir aus dem Tabelle-Keller rauszekommen, all aner Ekippe kënne sech aktuell nach Hoffnungen op eng Plaz an de Play-offs (Top 8) maachen.

________________________________________________

Dammen

Bei den Damme stoung de kompletten 11. Spilldag um Mëttwoch um Programm. Den T71 Diddeleng bleift weider ongeschloen a setzt sech an eegener Hal mat 82:58 géint de Basket Esch duerch. Fënnef Spillerinne vun Diddeleng hunn zweestelleg gescored an esou huet d’Lokalekipp des Partie kloer dominéiert.

D’Sparta Bartreng setzt sech och däitlech mat 113:65 géint Wolz duerch. Mat 41 Punkte konnt d’Nicole Torresani iwwerzeegen, Bartreng huet an all Véierel mindestens 27 Punkte geworf.

De Resumé vum Damme-Match Bartreng géint Wolz
D’Sparta huet beim 113:65 kuerze Prozess mat Wolz gemaach.

En enke Match huet d’Amicale Steesel mat 68:61 géint d’Musel Pikes fir sech entscheet. 25 Punkte goungen op de Kont vum Desiree Ramos.

Back to Top
CIM LOGO