Basket: Coupe HalleffinallenHäre vu Steesel spille géint Ettelbréck, Diddelenger Damme spille géint Steesel

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg goufen d'Coupe-Halleffinalle bei den Dammen an Hären ausgeloust.
© Emile Mentz / Archiv

Am Lalux Ladies Cup bei den Dammen trëfft d’Amicale Steesel op den T71 Diddeleng, déi aktuell stäerksten Ekipp am Championnat 2025/26. Am zweete Match kritt d’Sparta Bartreng et mam Basket Esch ze dinn.

Matcher an der Iwwersiicht:
10. Januar: Amicale Steesel - T71 Diddeleng
11. Januar: Sparta Bartreng - Basket Esch

An der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Häre spillt d’Amicale Steesel géint de Champion Etzella Ettelbréck. De Leader am Championnat, Sparta Bartreng, kritt et mat der Arantia Fiels ze dinn.

Matcher an der Iwwersiicht:
10. Januar: Amicale Steesel - Etzella Ettelbréck
11. Januar: Sparta Bartreng - Arantia Fiels

D’Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO