
Am Lalux Ladies Cup bei den Dammen huet d'Amicale Steesel e Mëttwoch den Owend d'Musel Pikes eliminéiert. Auswäerts op der Musel huet sech Steesel 80:63 duerchgesat, dat ënner dem Impuls vum Brooke Madison Flowers (30 Punkten, 19 Rebounds) an dem Desiree Ramos (27 Punkten).
Um Dënschdeg hat sech den AB Contern mat 66:48 zu Wolz duerchgesat a Miersch huet mat 64:39 géint Ettelbréck gewonnen, dat am Duell tëschent zwee Veräiner aus der Nationale 2.
An der Véierelsfinall stinn donieft de Basket Esch no enger Forfait-Victoire souwéi den T71 Diddeleng, AS Zolwer, de Gréngewald Hueschtert an den Telstar Hesper. Dës Ekippen hate spillfräi an der Aachtelsfinall.
An der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären huet sech d'Résidence Walfer doheem kloer mat 92:71 géint de Gréngewald Hueschtert duerchgesat. Den Demarkus Stuckey konnt mat 28 Punkten iwwerzeegen, hie gouf ënnerstëtzt vum Oliver Vujakovic mat 19 Punkten.
De Coupe-Titelverdeedeger Arantia Fiels huet auswäerts mat 81:67 beim BC Mess aus der Nationale 2 gewonnen. De Joshua McClary koum op 24 Punkte bei de Gäscht.
D'Musel Pikes stinn no enger 74:57 Victoire auswäerts zu Mamer am nächsten Tour. De Julian Hammond an de Sam Streef koumen allebéid op 18 Punkte fir d'Gäscht.
D'Kordall Steelers hunn auswäerts zu Hiefenech missen engem Réckstand hannendru lafen an d'Partie nom éischte Véierel dréinen, fir sech um Enn 79:75 ze behaapten.
Um Dënschdeg hat d'Sparta Bartreng sech däitlech mat 113:74 géint Dikrech aus der Nationale 3 duerchgesat, de Basket Esch hat keng Schwieregkeete beim 90:68 géint Clierf aus der Nationale 2.