
D’Magaly Meynadier konnt sech e Samschdeg mat de Saarlouis Royals 67:54 géint den Herner TC mam Sofie Fuglsang duerchsetzen. De Favorit aus dem Saarland konnt sech fréi e Virsprong erausspillen, Herner huet sech net ofhänke gelooss, ass awer och net méi geféierlech no erukomm. An 32 Minutte Spillzäit koum d’Meynadier op 5 Punkten, 7 Rebounds an 3 Assists. D’Fuglsang stoung 20 Minutten um Terrain, konnt keng Punkte markéieren, dofir awer 2 Rebounds.
Saarlouis konnt sech de Coupetitel 2025 sécheren an ass domat den Titelverdeedeger. De Final Four steet de Weekend vum 21. an 22. Februar um Programm.
An Italien gëtt de Coupetitel bis en Dënschdeg an engem “Final 8" op enger Plaz (Tortona) entscheet. Fir d’Anne Simon gouf et um Sonndeg iwwerraschend eng Defaite géint d’Lokalekipp, domat ass Campobasso eraus aus der Coupe. D’Lëtzebuergerin huet 14 Punkte bei der 76:83-Néierlag markéiert.