
6 Joer laang stoung de Samy Picard un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun. Dat Kapitel geet awer den 19. September op der FLBB-Generalversammlung op en Enn. Dem FLBB-President no wier et him "eng grouss Éier an eng nach méi grouss Freed" gewiescht, d'Federatioun iwwer déi lescht Jore geleet ze hunn. Am Communiqué huet hien all de Parteie Merci gesot, déi hiren Deel dozou bäigedroen hunn a mat deenen hien zesummegeschafft huet.
Den neie staarke Mann an der Lëtzebuerger Basketfederatioun kéint dann an Zukunft Max Krippler heeschen. Hie war laang Zäit als Sportsproff eng Referenzpersoun fir d'FLBB am Sportlycée an ass zanter 2 Joer am Conseil vun der Federatioun, wou hie sech haaptsächlech ëm den U18-Projet gekëmmert huet. De Krippler géing sech der Verantwortung gären unhuelen, sou de Picard a sengem Schreiwes weider.
De Samy Picard no géing hien alles matbréngen, wat et braucht, fir d'Federatioun an d'Zukunft ze féieren. Genau der seet de Picard eng grouss Zukunft viraus.