An der NBA New York Knicks a San Antonio Spurs stinn an der Finall vun der Coupe

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg stoungen an der NBA d'Halleffinalle vun der Coupe um Programm.
© Photo by ETHAN MILLER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP

Am “Emirates NBA Cup”, dee virun dräi Joer agefouert gouf, ginn d’Halleffinallen an d’Finall zu Las Vegas op engem neutralen Terrain gespillt.

Am Oste konnte sech d’New York Knicks mat 132:120 géint d’Orlando Magic duerchsetzen. 40 Punkte goungen op de Kont vum Jalen Brunson an de Karl Anthony-Towns huet 29 Punkten zur Victoire bäigesteiert. Orlando huet missen op den Däitsche Franz Wagner verzichten, hien hat sech virun e puer Deeg blesséiert a fält e puer Wochen aus.

Retour vum Wembanyama

Am Weste gouf et eng Iwwerraschung. De Champion Oklahoma City Thunder huet d’Saison mat 21 Victoiren an enger eenzeger Defaite ugefaangen. Um Sonndeg gouf et ausgerechent an der Halleffinall déi zweet Defaite. D’San Antonio Spurs setze sech mat 111:109 géint OKC duerch. Profitéiert hunn d’Spurs och vum Retour vum Fransous Victor Wembanyama, deen no enger wochelaanger Verletzungspaus nees mat dobäi war an 22 Punkten a knapp 21 Minutten um Terrain geworf huet.

D’Finall gëtt an der Nuecht op e Mëttwoch gespillt.

Back to Top
CIM LOGO