
Dës Matcher op Chrëschtdag si fir d’NBA ee vun den Highlights an der regulärer Saison. Eng besonnesch Leeschtung konnt dobäi de Serb Nikola Jokić ofliwweren. Bei enger 142:138-Victoire vun den Denver Nuggets no Verlängerung géint d’Minnesota Timberwolves konnt den dräifachen MVP (wäertvollste Spiller) vun der NBA 56 Punkten, 16 Rebounds a 15 Assists markéieren. Nach ni konnt e Spiller an der Geschicht vun der Liga änlech Statistike verzeechnen (Méi wei 55 Punkten, 15 Rebounds a 15 Assists). De Jokić läit an de Kategorien Rebounds an Assists dës Saison jeeweils op éischter Plaz, hie kënnt am Schnëtt op 29,8 Punkten (5. an der Liga), 12.,1 Rebounds (1.) an 11 Assists (1.).
Spurs klappen de Champion OKC eng weider Kéier
Wéi schonn an der Coupe ass et de San Antiono Spurs eng weider Kéier gelongen, de Champion Oklahoma City Thunder ze klappen, dat mat 117:102. OKC ass mat enger Bilanz vu 26 Victoiren a 5 Defaiten ëmmer nach éischten an der Liga.
Eng Defaite gouf et fir de Superstar Lebron James mat de Los Angeles Lakers, dat am insgesamt 20. Match deen de James u Chrëschtdag a senger Karriär gespillt huet. D’Lakers mussen sech mat 96:116 géint d’Houston Rockets geschloe ginn.
All Resultater vum “Christmas Day” am Iwwerbléck:
Cleveland Cavaliers - New York Knicks 124:126
San Antonio Spurs - Oklahoma Coty Thunder 117:102
Dallas Mavericks - Golden State Warriors 116:126
Houston Rockets - Los Angeles Lakers 119:96
Minnesota Timberwolves - Denver Nuggets 138:142