Basketball-ChampionnatEttelbréck iwwerrennt d'Fiels, Bartreng bleift ongeschloen

RTL Lëtzebuerg
De Weekend stoung an der Enovos League bei den Hären den 11. Spilldag um Programm.
© Christophe Jost

Hären

Um Sonndeg huet sech d’Etzella Ettelbréck mat 87:60 géint d’Arantia Fiels am Duell tëschent de punktgläichen Tabellenzweeten duerchgesat. D’Lokalekipp huet vun Ufank u mat séierem Basket iwwerzeegt a louch an der Paus mat 50:28 a Féierung.

Resumé vum Match Ettelbréck géint d'Fiels
D’Etzella huet d’Arantia mat 87:60 heemgeschéckt.

D’Amicale Steesel wënnt däitlech mat 79:54 auswäerts géint de Basket Esch. Obwuel de Profi Richardson no ronn 25 Minutte verletzungsbedéngt net méi konnt matwierken, huet Steesel e grousse Virsprong bis zum Schluss geréiert. Den Ahston Sherrel konnt mat 27 Punkten iwwerzeegen.

En enke Match gouf et tëschent de Kordall Steelers an de Musel Pikes. Um Enn setzt sech d’Lokalekipp 108:101 duerch. Mat 32 Punkten huet de Robertas Jonaitis am beschte getraff, fënnef Spiller vum Kordall hunn zweestelleg gescored.

An engem enken a flotte Spëtzematch zu Bartreng hunn d’Supporter e Samschdeg iwwer dräi Véierel eng ausgeglache Partie gesi mat ville gudden Aktiounen. Am leschte Véierel huet d’Lokalekipp sech eng éischte Kéier op bis zu 13 Punkten ofgesat, fir um Enn 81:77 ze gewannen. E spéide Comeback-Versuch vun Diddeleng konnt de Match net méi dréinen. Domat ass d’Sparta no der Hironn ongeschloen an huet all Géigner an der Enovos League geklappt. Fir den T71 Diddeleng ass et déi drëtt Defaite noeneen. De Jarvis Williams konnt mat 32 Punkten iwwerzeegen.

Resumé vum Match Bartreng géint Diddeleng
D’Sparta huet den enke Match géint den T71 81:77 gewonnen.

De Stater Racing wënnt mat 77:66 auswäerts géint den AB Conter an huet domat e Virsprong vun 2 Punkten op de Géigner, deen Tabelleleschte bleift. 35 Punkte goungen op de Kont vum Antunio Bivins. Beim Racing stoung de Uros Niksic an der Verantwortung als Head-Coach, den Adam Radomirovich konnt aus perséinleche Grënn net um Match sinn.

D’Résidence Walfer setzt sech mat 95:79 géint Mambra Mamer duerch. 31 Punkte vum John Slajchert a 29 vum Nationalspiller Oliver Vujakovic ware spillentscheedend. Och 45 Punkte vum vum Domenick Sleva sinn de Gäscht net duergaangen, fir de Match méi enk ze gestalten.


Dammen

Bei den Damme war et den 10. Spilldag.

Um Sonndeg wënnt de Basket Esch mat 70:66 géint d’Amicale Steesel. Mat 23 Punkten huet d’Jovana Jaksic am beschte getraff bei der Lokalekipp. Bei de Gäscht huet mam Brazil Harvey-Carr eng nei Profispillerin matgespillt, si konnt d’Néierlag vun der Amicale trotz 30 perséinleche Punkten net verhënneren.

Resumé vum Match Konter géint Bartreng
D’Sparta huet kloer mat 89:65 géint den AB Konter gewonnen.

D’Sparta Bartreng setzt sech um Enn kloer mat 89:65 auswäerts géint den AB Conter duerch. D’Gäscht hu sech am zweete Véierel ofgesat a mat enger staarker Ekippe-Leeschtung iwwerzeegt. D’Jordan King koum op 30 perséinlech Punkten an huet Bartreng gehollef, op déi zweet Positioun an der Tabell ze sprangen.

Den T71 Diddeleng bleift no enger klorer 114:61 Victoire zu Wolz ongeschloen. All 9 Spillerinnen hu bei de Gäscht op d’mannst 6 Punkte markéiert.

Back to Top
CIM LOGO