
No 3 Joer wäerten de Club aus der Enovos League an de portugiseschen Trainer Daniel Brandão getrennte Weeër goen, wéi de Club um Méindeg annoncéiert.
De Weekend huet sech Steesel mat enger Victoire géint de Basket Esch fir d’Halleffinall am Championnat qualifizéiert. Deemno kéint d’Kapitel mam Coach nach mat engem Titel op en Enn goen.