
Dammenekipp vum T71 trennt sech vum Trainer Mathieu Fivet, dat deelt de Club e Méindeg den Owend an engem Communiqué mat. Doranner gëtt him och nach eemol Merci gesot, fir seng Aarbecht, déi hien als Trainer zënter der Saison 2024/2025 gemaach huet a wënschen him alles Guddes fir seng weider sportlech Karriär.
Iwwerhuele wäert den Tom Schumacher a soll d’Ekipp dann och duerch déi momentan Saison féieren.