Basket-WM vun den Dammen zu BerlinUS-Amerikanerinne ginn als klore Favorit an den Tournoi

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg u kämpfen zu Berlin an Däitschland 16 Ekippen ëm de Weltmeeschtertitel am Dammebasket.
D'Caitlin Clark, eng vun den Toppspillerinne vun den USA
D'Caitlin Clark, eng vun den Toppspillerinne vun den USA
© ULRIK PEDERSEN/NurPhoto via AFP

Vum 4. bis den 13. September ass zu Berlin an Däitschland d'Basket-Weltmeeschterschaft vun den Dammen. Als grousse Favorit gëllen nees d'USA. D'US-Amerikanerinnen hunn déi lescht véier Weltmeeschterschafte gewonnen a viséieren elo hire fënneften Titel hannereneen un. De Rekordweltmeeschter huet sou gutt wéi all Toppspillerinnen dobäi. A'ja Wilson a Kelsey Plum hu wuel missen ofsoen, ma och ouni si ass de Kader héichkaräteg besat: Caitlin Clark, Breanna Stewart, Napheesa Collier an Chelsea Gray gehéieren zu de groussen Nimm vun der US-Ekipp.

Den eeleffache Weltmeeschter an Olympiagewënner vu Paräis wäert nëmme schwéier ze schloe sinn. Zu de gréisste Konkurrente gehéieren ënner anerem den Europameeschter Belsch, Frankräich, Sëlwermedailegewënner vu Paräis 2024, Australien, déi zu Paräis Bronze gewonnen hunn, an och China.

An der Virronn vum 4. bis de 7. September treffen déi 16 Ekippen a véier Gruppen openeen. Déi véier Gruppenéischt qualifizéiere sech direkt fir d'Halleffinallen. D'Ekippen op de Plazen zwee an dräi kämpfen an enger Qualifikatiounsronn den 8. an 9. September iwwer Kräiz ëm déi lescht véier Ticketen an de Véierelsfinallen.

Grupp A: Japan, Spuenien, Däitschland, Mali
Grupp B: Ungarn, Südkorea, Nigeria, Frankräich
Grupp C: Belsch, Australien, Puerto Rico, Tierkei
Grupp D: USA, Tschechien, Italien, China

D'Véierelsfinalle ginn den 10. September gespillt. D'Halleffinalle sinn den 12. September. Den 13. September ass dann d'Finall. Nieft dem Weltmeeschtertitel geet et zu Berlin och ëm eng direkt Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles.

Back to Top
CIM LOGO