Coupen am Basketball Walfer Häre spille géint Zolwer, Damme vun der Musel géint Steesel

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg gouf den éischten Tour vun de Coupen am nationale Basketball gezunn.
© Emile Mentz (Archiv)

Um "Enovos League Media Day" um INS huet d'FLBB souwuel d'1/8-Finalle bei den Damme wéi och d'1/16-Finalle bei den Hären ausgeloust. De Coupe-Gewënner bei den Hären aus der Saison 2025/26, Arantia Fiels, ass am éischten Tour spillfräi. Lousgléck haten donieft d'Kordall Steelers. D'Ekipp aus der Enovos League steet direkt an der Aachtelsfinall. Bei den Dammen huet de Coupe-Titelverdeedeger Sparta Bartreng bekanntlech keng Ekipp ugemellt. An der Aachtelsfinall kënnt et bei de Partië Musel Pikes - Amicale Steesel a Wolz - Conter zu zwee Dueller tëschent Ekippen aus der Enovos League.

Dammen (1/8 Finallen)

Spillfräi: AS Zolwer, Gréngewald Hueschtert, T71 Diddeleng, Telstar Hesper

Musel Pikes - Amicale Steesel

Les Sangliers Woolz - AB Contern

East Side Pirates (+10) - Basket Esch

Black Star Miersch - Etzella Ettelbréck

Dës Matcher ginn den 30. Oktober gespillt

Hären (1/16 Finallen)

Spillfräi: Etzella Ettelbréck, Sparta Bartreng, Arantia Fiels, Basket Esch, T71 Diddeleng, Amicale Steesel, Kordall Steelers

Résidence Walfer - AS Zolwer

US Hiefenech - Hedgehogs Bascharage

Mambra Mamer (+10) - Racing Lëtzebuerg

AB Contern - BC Mess

Nitia Beetebuerg (+10) - Gréngewald Hueschtert

Avanti Mondorf (+10) - Musel Pikes

Diekirch (+10) - Black Star Miersch

Telstar Hesper (+10) - Black Frogs Schieren (+10)

Préizerdall (+10) - Clierf

Dës Matcher ginn den 30. September gespillt.

Back to Top
CIM LOGO