
De Champion Etzella Ettelbréck wënnt en enke Match beim Opsteiger Gréngewald Hueschtert. D'Lokalekipp hat et zum Schluss nach emol spannend gemaach an déi Ettelbrécker gefuerdert. De Champion, bei deem de Yann Wolff säi Comeback gefeiert huet, huet d'Gedold behal an d'Partie mat 86:78 gewonn. 24 Punkte goungen op de Kont vum Trevis Henson.
Enk war d'Partie zu Walfer. Hei konnt sech d'Lokalekipp no Verlängerung mat 100:89 géint d'Fiels duerchsetzen. 27 Punkte goungen op de Kont vum Demarkus Stuckey, de Mykolas Maindron konnt 22 Punkte markéieren.
Den T71 Diddeleng setzt sech däitlech mat 80:64 géint d'Amicale Steesel duerch. D'Gäscht haten ouni de Profi Seaman net vill entgéintzesetzen. Den Jimmie Lee Taylor koum op 21 Punkte fir d'Lokalekipp.
Eng kloer Victoire huet d'Sparta Bartreng géint de Racing Lëtzebuerg gefeiert. D'Gäscht hate mam Antunio Bivins nëmmen ee Profispiller am Kader an sinn no engem ausgeglachenen éischte Véierel a Réckstand geroden. Bartreng huet d'Féierung kontinuéierlech ausgebaut an um Enn mat 100:62 gewonn.
D'Musel Pikes wannen 95:84 géint Zolwer a séchere sech domat déi drëtte Victoire dës Saison. Staark 43 Punkte goungen op de Kont vum Julian Hammond bei der Lokalekipp.
Um Sonndeg spillt nach de Basket Esch géint d'Kordall Steelers.
________________________________________________
Bei den Damme koum et zum Spëtzematch tëschent de Musel Pikes an dem T71 Diddeleng, béid Ekippe ware bis elo ongeschloen. Auswäerts konnt de Champion aus dem Süden en däitlecht Zeeche setzen an dës Partie mat 99:56 gewannen. D'Ekipp vum Trainer Tom Schumacher huet de ganze Match dominéiert a konnt sech séier ofsetzen. Lauren Van Kleunen (26 Punkten, 15 Rebounds), Catherine Mreches (21 Punkten) a Shalonda Winton (17 Punkten, 13 Rebounds) waren net ze stoppe bei de Gäscht.
Ganz spannend war d'Partie tëschent dem AB Contern an dem Basket Esch. D'Lokalekipp hat mam Sarah Gates eng nei Profispillerin dobäi, déi zweet Profispillerin Dykstra konnt allerdéngs nëmme kuerz agesat ginn an déi lokal Spillerinnen hu bei Conter iwwerzeegt.
D'Kyra Coulon koum op 23 Punkten an huet kuerz viru Schluss den entscheedende Worf vun der Dräierlinn getraff. Esch hat eng lescht Méiglechkeet, de Match ze wannen, konnt awer keng Punkte méi markéieren an domat setzt sech d'Lokalekipp 76:75 duerch.
D'Amicale Steesel setzt sech auswäerts däitlech mat 85:72 géint Wolz duerch. An der Paus louchen d'Gäscht scho 56:33 a Féierung. D'Marie Stoffel huet 20 Punkte fir d'Gäscht markéiert.