Formel 1De Lando Norris start e Sonndeg vun der Pole Position

RTL Lëtzebuerg
Déi zwee Mercedes-Piloten George Russell a Kimi Antonelli gi vun de Plazen 2 an 3 un den Depart.
D'Pole Position zu Zandvoort geet un de Lando Norris.
D'Pole Position zu Zandvoort geet un de Lando Norris.
© JOHN THYS / AFP

Nom Sprint an der Mëttesstonn goung et zu Zandvoort am Nomëtteg scho mam Qualifying fir d'Course um Sonndeg weider. Am Q3 ass dem Lando Norris vu McLaren mat enger Zäit vun 1:11.163 déi séierste Ronn um Circuit gelongen, woumat hie sech déi op dësem Circuit sou wichteg Pole Position séchere kann. Et ass déi 3. Pole hannertenee fir McLaren zu Zandvoort. Wéinst dem Reen kuerz viru Schluss war et een ongewéinlecht Enn vum Qualifying, well an der leschter Minutt kee Pilot méi probéiert huet, dem Norris seng Zäit nach eemol ze ënnerbidden.

Hannert dem Norris ginn déi zwee Mercedes-Pilote Russell an Antonelli un den Depart. Dem Weltmeeschter säi Coequiper Piastri huet sech déi 4. Plaz geséchert, dat viru béide Ferrari-Piloten Hamilton a Leclerc. Fir de Verstappen ass et bei sengem leschten Heemspill zu Zandvoort just déi 7. Plaz viru sengem Teamkolleeg Lawson.

Am Q1 goufe schonn d'Cadillac-Coequipieren Bottas a Perez an och d'Aston-Martin-Piloten Alonso a Stroll eliminéiert. Och de Sainz am Williams an de Bearman am Haas haten no 18 Minutte Feierowend.

Nom Q2 war du Schluss fir den Alpine-Duo Gasly a Colapinto a fir den Tsunoda (Racing Bulls) bei sengem Comeback. Donieft hunn och den Hülkenberg (Audi), den Ocon (Haas) an den Albon (Williams) hir Autoe mussen an der Garage ofstellen.

D'Course kënnt Dir e Sonndeg live vu 14:20 Auer un op RTL ZWEE an RTL PLAY kucken. Den Depart ass um 15:00 Auer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 2026 Kalenner

FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO