Grousse Präis vun HollandE Sprint-Weekend fir dem Verstappen säi lescht Heemspill

Serge Pauly
Mam Grousse Präis vun Holland gëtt déi zweeten Hallschent vun der F1-Saison 2026 lancéiert. Zandvoort zelebréiert säi leschte Grand-Prix mat engem Sprint-Weekend.
© Formul One Management, Mario Renzi

Och wann an der Formel 1 offiziell Summerpaus war, ass relativ vill passéiert. De Verstappen huet säi Red-Bull-Kontrakt verlängert, Cadillac huet den Teamchef erausgehäit, de Russell huet sech verloobt, d'Famill Leclerc erwaart Nowuess an den Hadjar huet sech beim Training esou blesséiert, datt hien d'Rentrée verpasst.

F1 - Virschau op Grousse Präis vun Holland / Reportage: Serge Pauly

Mee och sportlech ass d'Formel 1 am Moment esou ofwiesslungsräich wéi scho laang net méi. Den Hamilton zu Barcelona, de Russell zu Spielberg, de Leclerc zu Silverstone, den Antonelli zu Spa, an den Norris zu Budapest... An de leschte fënnef Grand-Prixe gouf et fënnef verschidde Gewënner.

Elo geet et op Zandvoort, ee Circuit, deen dem Hungaroring net onänlech ass. An do hu McLaren a Red Bull net schlecht ausgesinn. Et kéint dëse Weekend also mat Piastri oder Verstappen duerchaus de 6. Vainqueur a 6 Coursse ginn.

Fir d'Rentrée hunn d'Formel-1-Responsabel direkt ee Sprint-Weekend programméiert. No iwwer dräi Woche Paus sollen d'Spectateure wuel mat dräi Deeg Action waakreg gerëselt ginn. Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl ass awer skeptesch, dass de Circuit an den hollänneschen Dünen déi richteg Plaz fir ee Sprint-Weekend ass: “En ass ze enk an et ginn net genuch Iwwerhuelméiglechkeeten. Et lount sech einfach net, et do ze maachen. Et brauch een ee Circuit, wou an den éischte Ronnen d'Autoe kënnen niewentenee fueren, sech duelléieren. Eng Plaz wéi Interlagos, wéi Spa oder Monza, eventuell nach Éisträich, si Paradeplaze fir eng Sprintcourse. Zandvoort gehéiert net dozou.”

Holland wäert iwwregens aus dem Formel-1-Kalenner verschwannen. D'Organisateuren hu warscheinlech aus finanzielle Grënn fräiwëlleg op d'Verlängerung vun hirem Kontrakt verzicht. Esou dass de Verstappen dëst Joer déi leschte Kéier virun eegenem Publikum un de Start goe wäert. Déi eemoleg Ambiance op de Gradine wäert sécher feelen, mee sportlech waren d'Courssen déi lescht Jore kee groussen Hit an och d'Formel-1-Mataarbechter wäerten de Circuit net wierklech vermëssen. Wéinst den ze klengen Infrastrukture waren d'Aarbechtskonditioune fir Mecanicienen an Ingenieuren net optimal. Den Dominique Riefstahl seet: "Dank u wel Zandvoort, mee et ass gutt elo."

Wärend der Summerpaus hunn d'Formel-1-Ecurien hir Fabricke wärend zwou Woche mussen zouspären. Wann d'Teams Upgrades an Holland matbréngen, da sinn dat Stécker, déi se scho virum Kollektivcongé entwéckelt haten. Wéi beispillsweis den neien Honda-Motor fir Aston Martin. Virun der Summerpaus hunn déi Gréng scho mat engem neie Chassis ee grousse Schrack no vir gemaach. Elo hoffen Alonso a Stroll, dass och de japanesche Motor endlech de Formel-1-Standarden entsprécht. "Zu Zandvoort, mat enger Course méi Erfarung mat deem Package, wäert et erméiglechen, dass Aston nach emol ee Stéckche méi no vir Richtung Mëttelfeld geet. Wann dann och nach den Honda-Motor funktionéiert, kann et duerchaus ee méi grousse Schrëtt no vir sinn. D'Riicht zu Zandvoort ass och laang genuch, dass ee wierklech en Androck kritt, ob deen Honda-Motor wierklech eng Verbesserung ass oder éischter nëmmen en hallwe Schrëtt no vir", esou den RTL-Expert Riefstahl.

De Mercedes-Pilot Antonelli kënnt iwwregens als souveränen Tabelle-Leader an Holland. An der Tabell huet de jonken Italieener 50 Punkten Avance op de Lewis Hamilton. Och dat Duell, tëschent Mercedes a Ferrari, wäert an der zweeter Hallschent vun der Formel-1-Saison fir vill Spannung suergen.

Den Dominique erkläert: de Circuit vu Zandvoort

Wéi all organesch geformt Circuiten integréiert Zandvoort sech natierlech an d'Landschaft an huet doduerch den übleche Flow. Bei de Piloten ass d'Streck doduerch beléift: Nieft der Ideallinn lant ee séier am Sand a verléiert Grip, wärend d'Kombinatioun aus blanne Kéieren, Héichtenënnerscheeder a markante Bankings eng präzis Positionéierung vum Auto verlaangt.

Genee déi Präzisioun an eng gutt Harmonie tëscht dem Input vum Pilot an der Reaktioun vum Chassis sinn hei entscheedend. Tendenziell wëll een den Auto souple, mat vill Appui an enger mechanescher Balance, déi déi viischt Pneue schount, astellen. Besonnesch am verwénkelten Infield ginn déi staark strapazéiert a kënnen iwwerhëtzen.

Gläichzäiteg brauch een Traktioun aus de luese Kéieren, Topspeed, messerschaarfen Handling an eng breet operationell Fënster am luese bis mëttelséiere Beräich. Fuerderungen, déi sech deelweis widderspriechen an déi üblech Kompromësser verlaangen. A wéi mer all wëssen: ee bronge Schong an ee schwaarzen unzedoen, ass och net DEE Kompromëss. Beim F1-Auto ass et net anescht.

Um Enn ass zu Zandvoort en Auto mat guddem Medium-Speed-Grip a respektabeler Traktioun dacks am beschten opgestallt. Am Fong änlech wéi an Ungarn – an do war d'Welt ganz an Orange. Just net am richtegen Orange-Toun fir d'Lokalfraktioun!

© Formula One Management, Mario Renzi

Back to Top
CIM LOGO