Formel 1De Pierre Gasly séchert sech d'Pole zu Monza

RTL Lëtzebuerg
De Fransous geet e Sonndeg virum George Russell an dem Oscar Piastri un den Depart.
De Pierre Gasly séchert sech d'Pole zu Monza.
De Pierre Gasly séchert sech d'Pole zu Monza.
© MARCO BERTORELLO / AFP

Am Qualifying zu Monza konnt de Pierre Gasly sech e Samschdeg de Mëtteg mat enger Zäit vun 1:21.786 d'Pole fir d'Course e Sonndeg sécheren. Et ass souwuel fir de Gasly wéi och fir seng Ecurie Alpine déi éischt Pole an der Formel 1. 2020 hat de Gasly seng éischt a bis ewell eenzeg Course an der Formel 1 schonn zu Monza gewonnen.

Nieft dem Fransous geet e Sonndeg den George Russell un den Depart. De Piastri am McLaren start vu Plaz 3 an domat virun deenen zwee Ferrari-Piloten Leclerc an Hamilton. Déi 6. Plaz ass fir de Verstappen (Red Bull), wärend den Norris et just op Plaz 9 gepackt huet.

Wéi erwaart war nom Q1 Schluss fir déi zwee Aston-Martin-Piloten Stroll an Alonso, genausou wéi fir de Cadillac-Duo Perez a Bottas. Donieft huet den Albon am Williams mussen den Auto ofstellen an och den Tsunoda op Racing Bulls hat scho Feierowend, wärend säi Coequipier Lindblad et op Plaz 5 gepackt hat. De Japaner ersetzt jo dëse Weekend nees de Lawson, dee fir de verletzte Hadjar am Red Bull aspréngt.

Am Q2 goufen dunn déi zwee Haas-Piloten Bearman an Ocon eliminéiert. Och de Lawson am Red Bull, de Sainz am Williams an d'Audi-Coequipieren Hülkenberg a Bortoleto huet et getraff. De Brasilianer war just een Dausendstel méi lues wéi de Lewis Hamilton am Ferrari. Och de Leclerc hat et just op Plaz 9 gepackt.

D'Course kënnt Dir e Sonndeg vu 14:30 Auer u live op RTL ZWEE an um RTL Play kucken. Den Depart ass um 15:00 Auer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 2026 Kalenner

FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2026

Back to Top
CIM LOGO