Formel 1: Grousse Präis vum AserbaidjanGeorge Russell iwwersteet zwou Safety-Car-Phasen a wënnt zu Baku

Jeff Birsens
Zwee Mol gouf de Saftey Car beim Grousse Präis vum Aserbaidjan op de Circuit geruff. Den George Russell krut sech trotzdeem vun Ufank u riichtduerch un der Spëtzt gehalen.
Den George Russell war dëse Weekend zu Baku net vum Troun ze stoussen.
Den George Russell war dëse Weekend zu Baku net vum Troun ze stoussen.
© AFP

Den George Russell huet e Samschdeg de Mëtteg de Grousse Präis vum Aserbaidjan gewonnen. De Mercedes-Pilot hat e gudden Depart erwëscht a konnt sech vu senger Pole Position vun Ufank un ee relativ komfortabelen Ecart erausfueren. Zwou Safety-Car-Phasen duerch en Accident vum Alexander Albon an direkt duerno ee weideren Accident tëscht dem Norris, Gasly a Colapinto huet d'Feld dann nach eemol fir d'Schlussphas zwee Mol zesummebruecht, ma dat konnt de Russell trotz groussem Drock vun hannen net u senger Victoire hënneren.

Op de Podium gepackt hunn et hannendrun de Max Verstappen am Red Bull, dee vu P8 un den Depart gaange war an zum Schluss nach laang un der 1. Plaz vum Russell gekraazt huet, an den Isack Hadjar am Red Bull.

De WM-Leader Kimi Antonelli, dee vu P16 gestart war, krut sech wärend der Course gutt no vir gekämpft a kënnt um Enn op déi 5. Plaz. Am General huet sech säi Virsprong duerch d'Victoire vum George Russell op elo 70 Punkte verréngert.

Resumé

Kuerz no 13 Auer sinn déi 22 Piloten zu Baku un den Depart gaangen. Den George Russell ass immens gutt vun der Plaz komm a konnt seng Pole Position verdeedegen. Hannendru war de Charles Leclerc vu P2 net sou gutt fortkomm a gouf direkt bannent der éischter Kéier vum Oscar Piastri iwwerholl. De WM-Leader Kimi Antonelli, deen duerch säin Tëschefall am Qualifying e Samschdeg just vu P16 gestart ass, konnt ufanks och net vill guttmaachen an huet direkt nom Depart souguer eng Plaz verluer.

Staark no vir gekämpft huet sech direkt och de Max Verstappen, dee vu P8 un den Depart gaange war an no gutt sechs Ronne schonn op P3 stoung. Fir de Leclerc war et an där Zäit schonn zréck bis op déi 5. Plaz gaangen. De Russell donieft huet sech, wéi schonn déi Deeg virdrun, op de Stroosse vu Baku wuel gefillt a krut un der Spëtzt vun Ufank un e klengen Ecart erausgefuer.

Eriwwer war d'Course dann no net mol zéng Ronne fir de Lance Stroll, dee säin Aston Martin fréizäiteg vum Circuit ofstelle misst. Ugeschloss huet sech da ronn zéng Ronne méi spéit säin Teamkolleeg Fernando Alonso.

Wärend den George Russell un der Spëtzt seng Ronne gedréint an no an no säin Ecart bis op 10 Sekonne vergréissert huet, hat et de Kimi Antonelli mëttlerweil kuerz virun der Hallschent vun der Course och an d'Top10 gepackt.

Nei Dynamik an d'Course bruecht huet dann en Accident vum Alexander Albon, dee mat sengem Williams an d'Mauer gerannt war an d'Course doropshin duerch de Safety Car gebremst gouf. Dovu profitéiert huet un der Spëtzt awer kee sou richteg, virun allem de Lewis Hamilton hätt direkt nom Accident kéinten nach séier an d'Box fueren, ma Ferrari hat net séier genuch reagéiert an en net direkt erageruff.

No e puer Ronnen hannert dem Safety Car ass et also mat där selwechter Reiefolleg un der Spëtzt an och mat frësche Pneue fir jidderee weidergaangen. De Russell konnt sech och hei weider un der Spëtzt halen, ma hannendrun hu sech de Lando Norris an och béid Alpine-Autoe géigesäiteg an der Kéier 1 ofgeschoss, sou datt de Safety Car direkt nees op de Circuit geruff gouf an d'Course fir Norris, Gasly a Colapinto eriwwer war.

No der erneiter Relance huet den Oscar Piastri da kee gutt Bild ofginn. Am Duell mam Isack Hadjar huet hie sech an der Kéier 1 verbremst a misst dann an den Noutausgank auswäichen. De McLaren-Pilot ass doduerch vu P3 op Plaz 15 zréckgefall. Un der Spëtzt krut den George Russell elo e gutt Stéck méi Drock vum Max Verstappen gemaach, dee sech a sengem Red Bull a sengem Wandschiet hale konnt.

An der leschter Ronn hat de Bottas dann nach d'Mauer erwëscht, ma d'Rennleedung huet net op en Neits op Safety Car entscheet, sou datt et bis op d'Zillinn spannend bliwwen ass. De Verstappen war ganz no un enger Last-Second-Victoire drun, ma de Russell krut seng Positioun bis zum Schluss verdeedegt a feiert domat säin éischten F1-Grand-Slam a senger Karriär.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 2026 Kalenner

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO