
E Freideg huet sech den George Russell d'Pole Position fir de Grousse Präis vum Aserbaidjan geséchert. De Mercedes-Pilot konnt am Q3 mat enger Zäit vun 1:42.526 Minutt de Charles Leclerc an den Oscar Piastri hannert sech loossen. E battere Qualifying war et fir de Kimi Antonelli, deen am Q1 d'Bande touchéiert huet an dowéinst net méi am Q2 un den Depart goe konnt. Fir den aktuelle WM-Leader geet et an der Course also vu P16 lass. De Max Verstappen huet et am Q3 just op déi 8. Plaz gepackt.
Well e Sonndeg Commemoratiounsdag am Aserbaidjan ass, gouf e Freideg de Mëtteg schonn de Qualifying zu Baku gefuer. D'Course, déi Dir wéi gewinnt live op RTL ZWEE an um RTL Play kucke kënnt, ass doduerch och schonn e Samschdeg ëm 13 Auer.
Wéinst engem Incident an der Formel 2 war den Depart vum Q1 réischt mat fënnef Minutte Retard gestart. Duerch déi deels enk Stroosse vun der aserbaidjanesch Haaptstad huet donieft eng gutt Loft geblosen, op déi sech d'Piloten astelle missten.
De Kimi Antonelli huet an der 1. Kéier d'Bande banne mam viischte lénke Pneu getraff an huet dowéinst misse seng séier Ronn fréi ofbriechen. Zwar huet hien et duerch seng Zäit an der Ronn virdrun nach an de Q2 gepackt, konnt do dann awer net méi untrieden, well d'Garage de Schued net mat Zäite reparéiert krut. Fir de Mercedes-Pilot geet et e Samschdeg also vu P16 lass. Net an déi nächst Qualifying-Ronn komm sinn de Gabriel Bortoleto, Nico Hülkenberg, Fernando Alonso, Sergio Perez, Lance Stroll a Valtteri Bottas.
De Q2 war dann ouni Tëschefall ofgelaf an um Enn konnt sech de Franco Colapinto, genee wéi säin Teamkolleeg Pierre Gasly, am Alpine nach eng Plaz fir de Q3 sécheren. Net duergaange war et dogéint nieft dem Kimi Antonelli fir den Arvid Lindblad, Esteban Ocon, Alexander Albon, Liam Lawson an den Oliver Bearman.
Am Q3 konnt da keen anere Pilot dem George Russell d'Waasser reechen, sou datt de Mercedes-Pilot um Enn mat engem groussen Ecart vun 0.83 Sekonnen op den Zweete Charles Leclerc seng éischt Pole Position zu Baku iwwerhaapt séchere konnt.