No néng JoerMohamed Salah verléisst um Enn vun der Saison den FC Liverpool

RTL Lëtzebuerg
Wéi den FC Liverpool an engem Communiqué matdeelt, wäert den ägyptesche Stiermer, deen 255 Goler fir d'"Reds" geschoss huet, de Veräin um Enn vun der Saison verloossen.
© AFP

De Mohamed “Mo” Salah war 2017 vum AS Roum op Liverpool gewiesselt a stoung zanterhier a 435 Matcher fir den englesche Club um Terrain. Hie konnt ënner anerem zweemol englesche Champion ginn, eemol d’Champions League an eemol d’FIFA-Klub-Weltmeeschterschaft gewannen.

An engem Video huet hie sech och un d’Fans vum Club vun der Anfield Road adresséiert:

Wouhinner et de Stiermer no sengen 9 Joer bei Liverpool als nächst zitt, ass net gewosst.

Liest hei de Communiqué vum FC Liverpool

Back to Top
CIM LOGO