Den Iwwerbléck vum internationale FuttballAston Villa füügt ManCity éischt Néierlag vun der Saison zou

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga huet Leipzig Elversberg mat 4:0 geklappt a Mainz war Bremen 2:3 ënnerleeën.
Aston Villa (rout) huet géint Manchester City (wäiss) gewonnen.
© DARREN STAPLES/AFP

Bundesliga

Leipzig - Elversberg 4:0
1:0 Gomis (48'), 2:0 Romulo (66'), 3:0 Baumgartner (84'), 4:0 Romulo (90'+4)

No der héijer Néierlag virun enger Woch géint Bayern München (1:6) gewënnt Leipzig däitlech a verdéngt géint den Opsteiger. Et war déi véiert Victoire doheem fir Leipzig an dëser Saison, an och déi véiert Kéier ouni Géigegol. Déi éischt Hallschent war net schéin unzekucken, och wann Elversberg d'Chance op den éischte Gol hat. Direkt nom Säitewiessel huet Leipzig en anert Gesiicht gewisen, den éischte Gol war d'Konsequenz. Spéitstens nom 3:0 waren déi lescht Zweiwel aus dem Wee geraumt an d'Victoire fir d'Sachsen an der Täsch.

Augsburg - Union Berlin 1:1
1:0 Massengo (71'), 1:1 Haberer (74')

Köln - Schalke 0:0

An engem Match ouni Goler huet d'Kollisioun vun den zwee Schalker Gosens an El-Faouzi fir déi gréisst Opreegung gesuergt. Béid Spiller hu missen ausgewiesselt ginn. Schalke bleift eng weider Kéier ouni eegene Gol.

Mainz - Bremen 2:3
0:1 Füllkrug (7', Eelefmeter), 0:2 Füllkrug (25', Eelefmeter), 1:2 Caci (33'), 1:3 Reis (61'), 2:3 Lee (63')

Spannung a Goler sinn a Matcher mat Bremer Bedeelegung an dëse Woche garantéiert. D'Gäscht aus dem Norde krute fréi zwee Eelefmeter zougesprach, déi de Füllkrug verwandelt huet. Mainz huet e bësse gebraucht, fir an de Match ze fannen, war no enger hallwer Stonn awer nees drun. Bis an d'Paus louch och den Ausgläich an der Loft. Bremen hat sech nom 3:1 ze fréi gefreet, well Mainz am direkte Géigenzuch markéiert huet. Sou blouf de Match bis zum Schluss spannend, Bremen geet awer net onverdéngt als Gewënner vum Terrain.

Paderborn - Hamburg 1:0
1:0 Philippe (88')

Eng staark ersatzgeschwächt Hamburger Ekipp hat 88 Minutten iwwerstanen, éier Paderborn den decisive Gol markéiert huet. Et war ausgerechent de Rayan Philippe, dee vum HSV un d'Ostwestfalen ausgeléint ass. Paderborn hat méi Ballbesëtz, well Hamburg sech haaptsächlech op d'Verteidegung an op Kontere konzentréiert hat.

Dortmund - Frankfurt (18:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Aston Villa - Manchester City 2:1
1:0 Jackson (6'), 1:1 Haaland (52'), 2:1 Jackson (60')

Manchester City verléiert säin éischte Match an dëser Premier-League-Saison. Aston Villa war fréi a Féierung gaangen, duerno koum vun der Lokalekipp awer net méi vill no vir. Hannen huet d'Ekipp vu Birmingham och net vill zougelooss, ManCity hat eng Kéier Pech mam Potto. No der Paus huet den Haaland eng Flank vum Ndiaye verwäert a mam Kapp ausgeglach. De fréiere Bayern-Spiller Nicolas Jackson huet an der 60. Minutt säin zweete Gol markéiert, wéi Aston Villa no laanger Zäit mol nees geféierlech virum Gol vun de Skyblues opgedaucht war. ManCity huet op den Ausgläich gedréckt, koum awer net méi duerch.

De Brian Madjo, deen all d'Lëtzebuerger U-Nationalekippen duerchlaf huet, elo awer fir England spillt, gouf an der 82. Minutt fir den zweefache Buteur Nicolas Jackson agewiesselt. Wärend senger kuerzer Zäit um Terrain huet hie sech och eng giel Kaart agefaangen.

Arsenal - Everton 2:0
1:0 Konsa (7'), 2:0 Gabriel (68')

Nom Gläichspill an der Champions League beim FC Bayern München ënnert der Woch feiert Arsenal an der englescher Liga eng weider Victoire an zitt domat mat Manchester City no Punkte gläich. Trotz der fréier Féierung hunn d'Gunners Everton d'Spill iwwerlooss, dat awer zu kenge wierkleche Chancë koum. Uschléissend huet d'Ekipp vum Trainer Mikael Arteta nees de Kommando iwwerholl a gouf an der 68. Minutt mam zweete Gol belount.

Chelsea - Tottenham (18:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Neapel - AS Roum (18:00 Auer)

Lazio Roum - Parma (20:45 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Lens - FC Paräis (20:45 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Rayo Vallecano - Elche 0:3
0:1 Redondo Solari (23', Eelefmeter), 0:2 Nino (36', Eelefmeter), 0:3 Valera (68')

Nodeems den Heemmatch géint Bilbao wéinst Protester vun de Fans huet missen ofgebrach ginn, war dann elo den éischte Match am Heemstadion vu Rayo Vallecano. D'Ekipp aus der Banlieue vu Madrid war dem Gaascht vun Elche däitlech ënnerleeën a bleift am Tabellekeller vun der La Liga. Virun zwou Wochen haten d'Fans vu Vallecano mat Pabeierfligere kreativ géint de Kommitee vum Veräi protestéiert.

Atlético Madrid - La Coruna (21:00 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO