
E Samschden den Owend war den 9. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen.
De Racing huet weiderhin nëmme géint Hesper Punkte leie gelooss, doheem géint Déifferdeng huet de Champion sech awer ongewinnt schwéier gedoen. Um Enn setzt ee sech duerch ee Gol kuerz nom Säitewiessel 1:0 duerch.
Mamer konnt iwwerdeems 1:0 géint Ell gewannen an domat déi 2. Plaz an der Tabell verdeedegen. Op de Racing sinn et deemno weiderhi 6 Punkten, dat awer mat engem Match manner. Och hei ass den decisive Gol kuerz no der Paus gefall.
Dikrech louch doheem géint Beetebuerg zweemol hannen a konnt zweemol egaliséieren, duerch e Gol kuerz viru Schluss huelen d'Beetebuergerinnen awer déi 3 Punkte mat heem. Beetebuerg huet mat dësem 3:2-Succès als Tabellevéierten elo eng Avance vun 3 Punkten op de 5. Ell.
Donieft huet Kielen sech 4:0 bei der Entente Red Black - Red Star behaapt an Hesper huet d'Entente Osten mat 10:1 iwwerrannt.
________________________________________________