
An der Bundesliga bleiwe Bayern an Dortmund no knappe Victoirë punktgläich un der Tabellespëtzt. Vun de Lëtzebuerger Futtballer am Ausland konnten ënner anerem de Vincent Thill, den Aiman Dardari an d'Laura Miller sech e Samschdeg iwwer Victoirë freeën.
Leeds United - Tottenham Hotspurs 1:0
1:0 Okafor (79')
Obschonns Tottenham de ganze Match iwwer méi vum Ball hat, waren déi kloer Occasiounen bal all fir d'Lokalekipp. Gutt 10 Minutte viru Schluss huet den Okafor dunn no enger staarker Aktioun déi verdéngt Féierung fir Leeds markéiert. No 3 Victoire um Stéck ass et deemno nees eng Néierlag fir d'Spurs, fir Leeds ginn et no 5 Partien ouni Succès nees 3 Punkten.
Arsenal - Hull City 1:0
1:0 Ødegaard (73')
Arsenal huet sech doheem géint den Opsteiger Hull schwéier gedoen a konnt offensiv just ganz wéineg kreéieren, eng gutt Chance fir den Ødegaard sollt awer um Enn duergoen, fir d'Partie ze gewannen. D'Gunners bleiwen domat Tabelleleader an hunn no 10 Spilldeeg weiderhi just eng eenzeg Partie verluer. Duerch d'Defaite vu City kann een d'Avance op 6 Punkten ausbauen.
Nottingham Forest - Manchester City 3:1
1:0 Cunha (6'), 2:0 Delap (18'), 2:1 Cherki (52'), 3:1 Delap (73')
Schonn no 6 Minutten huet de Cunha vun engem Feeler an der City-Defense profitéiert an Nottingham a Féierung bruecht. Et sollt nach méi déck komme fir d'Citizens, well den Delap gutt 10 Minutten drop no engem Konter erhéicht huet. D'Gäscht haten dunn däitlech méi Ballbesëtz a konnte sech och e puer Geleeënheeten erausspillen, e Gol sollt dobäi awer laang net eraussprangen. An der 52. Minutt huet den Cherki du mat engem schéinen Ofschloss verkierzt, no engem weidere Konter konnt den Delap awer nees op 3:1 stellen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Cagliari - Frosinone 1:0
1:0 Adopo (38')
D'Iwwerraschungsekipp vu Frosinone, déi bis ewell nëmme géint d'Juve an Neapel verluer hat, huet e Samschdeg op Sardinien de Kierzere gezunn. Trotz enger gudder Performance an e puer gudden Occasiounen huet den Opsteiger de Ball net an de Filet kritt, soudass Cagliari déi 3 Punkten doheem hale kann. Kuerz virun der Paus hate si d'Gäscht mat engem Konter kal erwëscht. Och Cagliari ass gutt an d'Saison gestart a läit mat deem Resultat op d'mannst fir e puer Stonnen op Plaz 8.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Auxerre - Paris FC 19:00 Auer
PSG - Troyes 21:05 Auer
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Osasuna - Athletic Bilbao 1:1
0:1 Williams (85'), 1:1 Catena (90+1')
D'Visiteure waren de ganze Match iwwer déi besser Ekipp, an der leschter Aktioun huet et awer u Prezsiioun gefeelt. An der 85. Minutt konnt de Williams dunn no engem Konter den 1:0 fir d'Ekipp vum Edin Terzic schéissen. Osasuna huet sech awer net geschloe ginn a konnt an der Nospillzäit duerch de Catena ausgläichen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga