Virun Dueller an der Nations LeagueSträit tëscht Irland an Israel eskaléiert

Tom Nols
E Boykott stoung am Raum, duerno koumen "Vëlkermord"-Virwërf. Déi israeelesch an iresch Offizieller deele massiv aus, éier et iwwerhaapt op den Terrain geet.
Nach éiert de Ball rullt, ass am Duell tëscht Irland an Israel politesche Peffer dran.
Nach éiert de Ball rullt, ass am Duell tëscht Irland an Israel politesche Peffer dran.
© LORRAINE O'SULLIVAN/AFP

Déi zwee Dueller an der Nations League tëscht Irland an Israel gerode wéinst politeschen Debatten a schwéiere Virwërf ëmmer méi an den Hannergrond. Den ireschen Nationaltrainer Heimir Hallgrimsson hat virun de Matcher ënnert anerem gesot, si géingen net mat Vëlkermord spillen, si géinge géint Vëlkermord spillen. Si géinge géint Israel, net mat hinne spillen. Hie gouf duerno schaarf kritiséiert vun der israeelescher Federatioun.

Als Reaktioun op dem Islänner seng Aussoen ass et e Méindeg den Owend virum Hotel vun den Iren zu enger Protestaktioun komm. Déi iresch Federatioun huet bis ewell nach net reagéiert. Béid Ekippe wäerten e Sonndeg an Ungarn an de 4. Oktober a Serbien op neutralem Buedem openeen treffen. Déi zweet Partie wäert en plus ouni Zuschauer wäerte gespillt ginn.

An Irland war no der Auslousung iwwert e Boykott vun de Matcher nogeduecht ginn. 160 iresch Sportlerinnen a Sportler haten een oppene Bréif mat der entspriechender Fuerderung ënnerschriwwen. D'Generalversammlung vun der Federatioun hat awer mat enger Majoritéit fir d'Ausdroe vun de Partië gestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO