
Och an deenen aneren internationale Lige gouf um Sonndeg gespillt. Den Iwwerbléck vum internationale Futtball fannt dir hei.
Am Dammen DFB-Pokal sollt Nürnberg Besuch vu Frankfurt kréien. Nodeems no 90 wéi och no 120 Minutten keng Goler gefall sinn, huet d'Entscheedung missen am Eelefmeterschéisse falen. Nürnberg huet hei awer zwee mol verschoss, sou dass an der Aachtelsfinall Schluss fir d'Laura Miller a Co. ass. D'Lëtzebuergerin stoung déi 120 Minutten um Terrain, ass vum Punkt awer net ugetrueden.
An der 3. Liga an Däitschland huet Essen zu Grossaspach mat 1:0 gewonnen. De Gol vum Dag huet den Abiama an der 35. Minutt markéiert. Zu dësem Zäitpunkt sutz de Aiman Dardari bei Essen nach op der Bänk, éier den Offensivspiller an der 82. Minutt agewiesselt gouf.
Den Tomas de Sousa spillt an der 1. Liga an der Tierkei mat Bodrumspor 1:1 géint Umraniyespor. Den de Sousa stoung 90 Minutten um Terrain.
A Georgien huet Dinamo Batumi mam Dirk Carlson 1:0 géint Tkibuli gewonnen a steet no 31. Spilldeeg deemno weider op der 1. Plaz an der Tabell, 3 Punkte virun Iberia 1999. De Lëtzebuerger Defenseur stoung dobäi 90 Minutten um Terrain.
E Sonndeg de Mëtteg hat an der drëtter Liga an Däitschland Mannheim Besuch vu Saarbrécken. Ouni de gespaarten Vincent Thill ass Mannheim wuel gutt an de Match gestart a louch no 19. Minutten mat 1:0 a Féierung. Um Enn sollt de Match awer mat 1:2 verluer goen. Mannheim steet no 12. Spilldeeg op der 8. Plaz an der Tabell.
An der Bundesliga goufen et e Samschdeg ënner anerem Victoirë fir Leipzig, Stuttgart a Bremen. Den Enzo Duarte stoung beim Klassiker tëscht Bayern an Dortmund bei de Gäscht net am Kader.
An den aneren europäeschen Top-Ligen hu Manchester United a Manchester City allebéid verluer, wärend Atlético Madrid déi nächst Victoire feiere konnt.
E Samschdeg gouf et an der 3. Liga an Däitschland eng Defaite fir Hansa Rostock mam Florian Bohnert. No 1:0-Féierung auswäerts zu Regensburg huet ee sech no enger rouder Kaart an der 45. Minutt nach mussen 1:2 geschloe ginn. De Bohnert stoung am Kader, koum awer net zum Asaz.
A Georgien hunn Dinamo Tbilisi an Iberia 1999 am Spëtzematch vum 31. Spilldag 0:0 gläichgespillt. De Vahid Selimovic stoung bei de Gäscht 90 Minutten iwwer um Terrain a krut no 36 Minutten eng giel Kaart. Iberia verdeedegt domat déi 2. Plaz an der Tabell, dat mat engem Punkt Avance op Tbilisi.
An der Belsch gouf et fir Beveren mam Laurent Jans eng batter 1:2-Néierlag géint d'Union St.-Gilloise. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Ofwierspiller war déi 2. Hallschent bal komplett an Iwwerzuel. De Jans stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 84. Minutt ausgewiesselt.
De Brian Madjo gouf beim 1:1-Remis tëscht Aston Villa a Fulham net agewiesselt.
An der franséischer Ligue 2 huet Metz e Freideg den Owend 1:3 géint Pau verluer. Am 4. Match ënnert dem neien Trainer Grégory Piment, dee jo de Luc Holtz ersat hat, ass et domat déi 2. Defaite. Den Hamza Kadamani gouf bei Metz no 79 Minutten beim Score vun 1:3 agewiesselt.