
D'Lëtzebuerger U15-Futtballnationalekipp ass bei der U15-WM am Aserbaidjan op déi 68. Plaz komm. Am leschte Match huet d'Ekipp vum Trainer Pol Hansen e Freideg mat 3:5 géint Schottland verluer. De WM-Titel huet sech Spuenien duerch en 3:0 géint Tschechien geséchert. Déi drëtte Plaz ass u Griichenland gaangen.
An der Gruppephas haten déi jonk Rout Léiwe véier Victoirë gefeiert an ee Match verluer. Domadder war een am Grupp Q den Drëtte ginn an et huet een an der K.o.-Phas ëm d'Plaze 65 bis 96 gespillt. Hei hat d'FLF-Ekipp géint Liberia 8:2 gewonnen, Malawi mat 7:2 geklappt an Indonesien war ee 6:1 iwwerleeën. An der Halleffinall hat ee sech misse mat 0:3 géint Tunesien geschloe ginn. Am leschte Match war et eng Néierlag géint Schottland, sou datt een um Enn 68. ginn ass.
Gespillt gouf zu Baku am Aacht-géint-aacht-Format op méi klengen Terraine an zweemol 20 Minutten. Am Ganze waren 189 Natioune vertrueden.