European Cup am HandballBierchem brauch e Wonner am Retourmatch

Yannick Glod
E Samschdeg hunn d'Réiserbänner den éischte Match vum Double Header géint Lovcen aus Montenegro gespillt. D'Resultat war mat 30:40 méi wéi kloer.
Bierchem spillt am zweeten Tour vum European Cup zwee Matcher géint Lovcen aus Montenegro.
© Serge Olmo

Dräi Deeg no der knapper Néierlag am nationale Championnat géint Esch hat den HC Bierchem op en Neits e Rendez-vous um europäesche Parkett. An der zweeter Ronn vum European Cup war de montenegrinesche Meeschter HC Lovcen Cetinje op Besuch. De Ben Weyer stoung eng éischt Kéier no sengem Kräizbandrass virun engem Joer nees am Bierchemer Kader.

Fir Reesstrapazen ze vermeiden, huet ee sech fir en Double Header zu Krautem entscheet. Den Heemvirdeel war am éischte Match awer net ginn. No 60 Minutte stoung et nämlech 40:30 fir d'Gäscht. Mat dësem däitleche Resultat brauch et e Sonndeg am Retourmatch e Wonner, fir dass Bierchem nach eng Ronn weiderkënnt.

Nodeems Bierchem et am éischten Tour scho mat enger Ekipp aus Montenegro (31:30 an 34:31 géint Sutjeska) ze dinn hat, huet een de Spillstil vun dëser Liga schonn e bësse kannt. Dass Lovcen en anere Kaliber ass, huet sech spéitstens no 25 Minutten erausgestallt, wéi de montenegrinesche Rekordmeeschter eng éischt Kéier op 8 Goler ewechzéie konnt (11:19).

Bis an d'Paus konnte Guden, Wener a Co zwar op 16:20 verkierzen, mee méi no sollte si net méi erukommen. Lovcen huet de Match gutt geréiert an all Méiglechkeet genotzt, fir de Virsprong weider auszebauen. Beim Stand vun 29:21 no 45 Minutte war deene meeschte Spectateure kloer, dass de Match gelaf wier. D'Montenegriner hunn de Score ëmmer weider no uewe geschrauft, fir um Enn mat enger Avance vun 10 Goler an de Retourmatch e Sonndeg ze goen. Dee gëtt um 18 Auer ugepaff.

Back to Top
CIM LOGO