European Cup am HandballBierchem trotz Leeschtungssteigerung am Retourmatch géint Lovcen eliminéiert

Jeff Birsens
No der klorer Defaite am Allersmatch konnt den HC Bierchem eng Reaktioun weisen. Fir déi nächst Ronn ass et trotzdeem net duergaangen.
Zwee Mol bannent 24 Stonne gouf zu Krautem de Weekend gespillt.
© AFP (Archiv)

E Sonndeg den Owend huet den HC Bierchem de Retourmatch an der zweeter Ronn vum European Cup 34:34 géint Lovcen aus Montenegro gespillt an ass doduerch eliminéiert. Réischt e Samschdeg gouf zu Krautem den Allersmatch gespillt, deen d'Bierchemer däitlech mat 30:40 verluer haten.

Fir de Retourmatch op der selwechter Plaz war also e klengt Wonner néideg, dat um Enn trotz enger Leeschtungssteigerung ausbliwwen ass. De Match war vun Ufank un ausgeglach an tëschenzäitlech war et dem HC Bierchem an der éischter Hallschent souguer gelongen, ee Virsprong vu véier Goler opzebauen. D'Gäscht aus Montenegro hunn dat awer net op sech sëtze gelooss an de Spillstand nach virun der Paus op ee Gol zu hire Gonschte gedréint krut.

Och an der zweeter Hallschent vum Match war Lovcen da weider staark am Match a louch tëschenzäitlech mat sechs Goler a Féierung. D'Bierchemer hunn awer Moral bewisen a krute sech nach eemol zréckgekämpft, sou datt d'Partie mat engem 34:34-Remis op en Enn gaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO