Nodrosmatch am Handball-ChampionnatBierchem zitt géint d'Red Boys de Kierzeren

Yannick Glod
Um Enn stoung et 27:31 aus Siicht vun der Lokalekipp.
© Serge Olmo / RTL

Am Nodrosmatch vum 7. Spilldag huet Bierchem e Mëttwoch den Owend mat 27:31 géint d’Red Boys Déifferdeng de Kierzere gezunn. Well de Kapitän Ben Weyer mat de Kräizbänner operéiert gouf an 9 bis 10 Méint ausfält, steet den eigentleche Co-Trainer Cedric Stein nees um Terrain, fir d’Verteidegung ze ënnerstëtzen.

Bierchem war am Ufank net richteg um Terrain a louch esou séier mat 4 Goler hannen (2:6 no 7 Minutten). Dëse Réckstand sollten d’Réiserbänner bis zum Schluss vum Match matschleefen. Uschléissend ware Scheid, Guden a Co wuel lancéiert, mee d’Red Boys konnten d’Avance ëmmer bei dräi bis véier Goler halen. Nom Säitewiessel (13:15) konnt Bierchem kuerzzäiteg gläichzéien an op 15:15 stellen, mee dat war just e kuerzen Intermezzo. Zéng Minutte méi spéit war Déifferdeng souguer op 6 Goler fortgezunn an huet dës Avance bis zum Schluss geréiert.

An der nach ëmmer onkompletter Tabell stinn d’Red Boys elo eleng un der Tabellespëtzt an hunn zwee Punkten Avance op Bierchem an Esch.

Back to Top
CIM LOGO