Virum Turnéier hate vill Experten Dänemark als Gejoten Nummer 1 gesinn. D’Dëppe vun de Jeeër wär mat Frankräich, Däitschland, Schweden a Spuenien gutt gefëllt, et kéinten awer och nach aner Ekippen d’Juegd ophuelen. Ekippe wéi der Schwäiz, de Färöer Inselen an Italien goufen am Virfeld Chancen op eng Iwwerraschung ageraumt. Villes dovu sollt wouer ginn, et goufen awer och Iwwerraschungen an Enttäuschungen.
Direkt um éischte Spilldag hu Slowenien a Montenegro fir en neie Rekord bei enger Handball-Europameeschterschaft gesuergt. Beim 41:40 fir d’Sloweene sinn insgesamt 81 Goler gefall. De Rekord louch bis dohi bei 77 Goler aus dem Match Wäissrussland géint Island (39:38) aus dem Joer 2016. Och Portugal huet sech mam 40:34 géint Rumänien am éischte Match an d’Geschichtsbicher agedroen. Et ass aktuell de Match mat de fënneftmeeschte Goler bei enger EM (74).
Frankräich huet direkt zwee Rekorder opgestallt. Am éischte Match haten d’Fransousen 42 Goler géint Tschechien geworf – Slowenien war säi Rekord no 24 Stonnen nees lass – fir 48 Stonnen drop géint d’Ukrain souguer 46 Mol de Gol ze treffen. Ausserdeem hu Les Bleus eng positiv Goldifferenz vu +38 (126:88); déi bescht an der EM-Geschicht. Dëse Rekord hu si Dänemark ofgeholl (2024 +31).
Den Optrëtt vun Italien an de Färöer Inselen gouf mat Spannung erwaart, a si hunn ënner Beweis gestallt, „dass si mat groussen Natioune mathale kënnen“, befënnt de Luke Kaysen. „Si hunn an all Match probéiert, drunzebleiwen“, mee um Enn sollt keng vu béiden Ekippen an d’Haaptronn anzéien. Säi Brudder Loïc huet si “impressionant fonnt, wéi si gespillt hu mat hirem 7 géint 6”. Fir déi zwou Natioune war et awer en historesche Moment, hir éischt Victoirë bei enger EM feieren ze dierfen.
Um leschte Spilldag ass dat agetrueden, wat kee fir méiglech gehalen hat. Dänemark, dat zënter 2014 an der Hal zu Herning just ee vun senge 26 Matcher bei enger Kompetitioun verluer hat, huet géint Portugal de Kierzere gezunn. D’Skandinavier waren awer schonn am Virfeld fir déi nächst Ronn qualifizéiert. Et war déi éischt Néierlag zu Herning zënter der EM-Finall 2014 géint Frankräich. An niewebäi war et fir Portugal déi éischt Victoire iwwerhaapt géint Dänemark.
Am Gespréich mat RTL Enn Dezember 2025 hat den FLH-President Dr. Romain Schockmel d’Kreatioun vum Poste vum Directeur général ugekënnegt. Do sinn ënner anerem den Didier Dinart an de Riccardo Trillini am Gespréich.
De Fransous Dinart war als Nationaltrainer vu Montenegro bei der EM dobäi, seng Ekipp huet awer keng gutt Partie ofginn. Ofgesi vun der knapper Néierlag géint Slowenien (40:41) huet ee sech géint d’Färöer Inselen eng héich Néierlag gefaangen (24:37) an huet der Schwäiz am drëtte Match souguer dobäi gehollef, e Réckstand vu 16 Goler op d’Feringer opzehuelen (26:43). Domat konnt sech d’Schwäiz mam Trainer Andy Schmid, deen ënner anerem mam Bierchemer Jugendtrainer an U20-Nationaltrainer Björn Gerber Enn 2025 de Mastercoach-Diplom krut, nach fir d’Haaptronn qualifizéieren an d’Färöer Inselen heemschécken. Fr de Luke Kaysen ass d’Qualifikatioun vun der Schwäiz eng vun den Iwwerraschungen, „well si scho quasi ofgeschriwwe waren“.
Am Virfeld vun der Europameeschterschaft an Dänemark, Schweden an Norwegen hat den Däitsche Bob Hanning, deen och mat der FLH a Verbindung bruecht gouf, an engem Interview mat der „Süddeutsche Zeitung“ iwwer méiglech Engagementer als Nationaltrainer geschwat. An der Ausgab vum 14. Januar ass ze liesen: „Ich sage jetzt keine Ländernamen, aber ein Angebot konnte ich wegen meiner persönlichen Überzeugung aus politischen Gründen nicht machen. Ein anders war so klein, dass die Mitarbeiter nach den Gesprächen Sorge hatten, dass sie Ihren Job verlieren. Das war ihnen einfach viel zu groß. Es gab ein Angebot als Sportdirektor, aber das war nicht das, was ich wollte.“
Den Ariel Pietrasik, deen zu Lëtzebuerg zu Miersch an zu Bierchem ausgebilt gouf, ass mat Polen no dräi Néierlage schonn nom éischten Tour eliminéiert. Si ware mat Island, Ungarn an Italien an enger Grupp.
Ab en Donneschdeg geet et mat der Haaptronn an déi decisiv Phas vum Turnéier. An der Grupp 1 sti just spannend Matcher um Programm; virun allem bei där Ausgangspositioun. Dänemark, Norwegen a Spuenien mussen all Match gewannen, wa si an d’Halleffinall anzéie wëllen, well si mat 0 Punkten do stinn. Däitschland, Frankräich a Portugal bréngen 2 Punkten aus der Virronn mat, wat awer bei där Konkurrenz näischt heescht.
Trotz, oder grad wéinst der Néierlag gesäit de Luke Kaysen Dänemark nach ëmmer als Toppfavorit. „Dat soll eng kleng Warnung sinn. An datt si net onschlobar sinn, ass och emol gutt.“ De Spiller vum SV Kornwestheim aus der drëtter däitscher Liga gesäit Frankräich oder Portugal op der zweeter Plaz, hannert Dänemark. Dës Siicht deelt och säi Brudder Loïc.
An der Grupp 2 starten Island, Schweden a Slowenien mat engem klengen Avantage an déi zweet Turnéierphas. Dat gesäit och de Loïc Kaysen esou an tippt, dass Schweden an Island eng Ronn weiderkommen. D’Schwäiz ka jiddereen iwwerraschen a mat Ungarn ass ëmmer ze rechnen. Kroatien ass nach ëmmer op der Sich no senger Form vun der Weltmeeschterschaft zejoert. Wann et um éischte Spilldag zum Duell tëscht Island a Kroatien kënnt, géif kee Krich tëscht de Bridder Luke a Loïc Kaysen an d’Haus stoen. De Luke dréckt nämlech Island d’Daumen, wärend säin eelere Brudder d’Kroaten ënnerstëtzt, mee hie géif Island d’Victoire och gënnen, well “si spillen e gudden a schéinen Handball”.